FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
923 Aufrufe
Gudde Mëtteg,

Als fräiwëllegen operationelle Pompjee huet ee Méiglechkeet zwou verschidden Indemnisatiounen ze kréien.

Entweder Garde Astreinte 1€/h oder Garde casernée (haaptsächlech déi leit déi eng Ambulanz Garde garantéieren) 10€/h

Mat der aktueller inflationärer Ekonomie an der geleeschter Aarbecht kann een sech d’Fro stelle wei zeitmesseg sou eng Indemnisatioun nach ass.

Ze verstoen ass dass een op enger Garde casernée Ambulanz, operationell déi selwecht Aarbecht geleescht gëtt wei en Pompier professionell. Dobäi huet de PV déi selwecht Responsabilitéit vis-à-vis vum Patient an der Equipe. Dobäi ass et och net onüblech dass de Pompier volontaire Iwwerstonne mécht.

Menges wësse ginn Iwwerstonnen net verrechent, anescht wei et bei de Pompiers professionell de Fall ass.

Mengen Informatiounen no kritt een an daitschland an an der Belge en vill méi heigen Taux ewei 10€/h ausbezuelt ewéi zu Lëtzebuerg mat änlechen “Arbeschtsconditiounen”

Bei der Garde Astreinte ginn déi 1€/h ausbezuelt mat der Konditioun dass een zu all Moment ob en Asaz geruff gi kann. Ob den Asaz elo 1h oder 12h dauert, an een erëm déi selwecht Aarbechte leescht wei en Pompier professionell gëtt net ugerechent, d’indemnisatioun verbleiwt bei 1€/h.

Ze betounen ass, dass de Pompier volontaire indispensabel fir de Garant vum PNOS ass, an dass et ouni Pompier volontaire déi Asazzuelen déi de CGDIS oofschafft net machbar wier. En Pompier volontaire ass net ze ersetzen an absolut noutwenneg fir de Lëtzebuerger Rettungsdéngscht

Esou meng Froen:

1. Firwat kritt de Pompier volontaire keng Iwwerstonnen bezuelt?

2. Firwat kritt de Pompier volontaire op engem Asaz aus der Astreinte net de vollen Taux wei bei enger garde casernée ausbezuelt, trotz dass déi selwecht Aarbecht ewéi en pompier professionell geleescht gett

3. Firwat gëtt de Pompier volontaire a senger Garde casernée net besser indemniseiert vue dass dei aktuell net mei zeitmesseg ass a mat enger erheigung vum Taux d’Arbescht vum volontaire besser valoriséiert gëtt an mei Attraktiv gemach gett sech an senger Freizeit fir den CGDIS anzesetzen
geschlossen
in Intérieur von
geschlossen von | 923 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,

Är Fro ass haut beäntwert ginn, an dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-indemnisatiounen-fir-pompiers-volontaires/ 

Et schéngen am Moment keng Upassungen vun den Indemnisatiounen geplangt ze sinn.

Mat frëndleche Gréiss,

1 Answer

Best answer

Bonjour,


Merci fir är Fro.

Är Fro ass un d'Inneministesch weidergeleet ginn:

https://piraten.lu/fro-lu-indemnisatiounen-fir-pompiers-volontaires/


Eng Äntwert misst rondrëm den 25ten September kommen.

Mir soen Iech dee Moment hei nach eng Kéier Bescheed.


Mir entschëllegen eis fir de Retard.


MfG

von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.