Här Minister,
De Pont Büchler ass scho laang am Ëmbau, am Zesummenhang mam Tram. Dee wäert jo geschwënn fäerdeg gin.
Bis Enn 2018 gouf et e Foussgängerwee, tëschent dem Quartier Gaasperech, an zwar dem Millewee, an dem Quartier Gare, via de Pont Büchler. Dee konnt vu Foussgänger mee och vu Vëloen benotzt gin.
Panneauen vun de Ponts-et-Chaussées, déi d’Deviatioun ukënnegen, soen, déi Foussgängerbréck Millewee-Pont Büchler géif Ufank 2022 fäerdeg gin.
Et ass allerdéngs elo esou, datt du bis dato guer näischt geschitt ass. De Millewee ass zur Sakgaass gin, och fir d’Foussgänger an d’Vëloen (fir d’Autoen war en et nach ëmmer).
Kann de Minister erklären, wéini deen Accès piéton/vélo zum Pont Büchler, dee jo zur Mobilité douce bäidréit déi de Minister beführwort, an deen natierlech och de Leit vum Quartier Gaasperech d’Liewen méi einfach mécht, fäerdeggestallt gëtt ?
Le téléchargement d'images est actuellement désactivée. -> Moien, schéckt mir einfach e mail wann des Foto net mat duerchgaang ass, da mailen ech iech se MbG