FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Viergeschlo

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 4216 vum 9. Juni 2026 huet d’Madamm Ministesch uginn, dass déi agedroe Babyjoren „duerch gläichzäiteg besteeënd auslännesch obligatoresch Zäite verdrängt [kënnen] ginn“.  En Artikel vum Trierischer Volksfreund (Babyjahre: Warum Grenzgängerinnen finanziell oft benachteiligt sind; https://www.volksfreund.de/region/luxemburg/luxemburg-grenzgaenger-durch-babyjahre-oft-finanziell-gekniffen_aid-150799973)  huet rezent bericht „die luxemburgische Rentenkasse löscht jedoch die sogenannten „Baby­jahre“, sobald die Eintragung [der Kindererziehungszeiten] in Deutschland festgestellt wird“.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:

  1.      <!-- [endif] -->Kann d’Madamm Ministesch d‘Informatioun vum Trierischer Volksfreund bestätegen laut där déi däitsch Kindererziehungszeiten déi lëtzebuergesch Babyjoren automatesch verdrängen?
  2.      A wéifern sinn déi däitsch Kindererziehungszeiten als „obligatoresch“ Zäiten ze verstoen?
  3.        <!-- [endif] -->Kënnen, am konkreete Fall, wou e Frontalier wärend der Applizéirungszäit vun de Babyjoren zu Lëtzebuerg weiderschafft, déi lëtzebuergesch Babyjoren duerch däitsch  Kindererziehungszeiten verdrängt ginn?
<!-- [if !supportLists] -->

Mat déiwem Respekt,

vor in Sécurité sociale von

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU. Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen deposéieren dës dann an der Chamber. D'Ministeren mussen dozou äntwerten, an d'Äntwerte ginn op FRO.LU publizéiert.