FRO.LU is under Development
0 Stimmen
10 Aufrufe

Här President,


Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir d’Fonction publique an un den Inneminister weiderzeleeden.


Laut Artikel 2 (5) vum Statut vun de Staatsbeamten, respektiv laut Artikel 2 (6) vum Statut vun de Gemengebeamten, ass et dem Regierungsrot, respektiv dem Gemengerot méiglech Agenten anzestellen déi opmanst eng professionell Experienz vun 12 Joer virweise kënnen, plus déi neidesch spezifesch Qualifikatioune fir de betraffene fräie Posten. Dës Agente gi fir eng Mindestdauer vun engem Joer als Employé (Staat), respektiv Salarié (Gemeng) agestallt a kënnen no engem Joer direkt an de Beamtestatut gehuewe ginn, mat engem Classement individuell an e beliebege Grade an Échelon. Dës Astellung geschitt laanscht all Concours, Stage, Admissibilitéits- an Ustellungsexamen, déi eigentlech all Beamte muss duerchlafen.


An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministere follgend Froe stellen :


1. Wisou gëtt bei dëser spezieller Astellungsprozedur en Ënnerscheed tëscht Staat a Gemenge gemaach, andeems déi betraffe Persoun beim Staat als Employé, a bei der Gemeng als Salarié agestallt gëtt, wuelwëssend, dass de Salarié just vun den nämmlechte Rechter a Flichten an och Protectioun vum Régime vum Employé ka profitéieren, wa säi Posten och un en Employésposten explizit ugegliddert ass?


2. Kënnt dir matdeelen, wéivill Astellungen en application vun dësen uewegenannten Dispositioune gemaach goufen, opgeschlësselt no Ministère, Verwaltung, Gemeng, Gemengesyndikat, Établissement public, Astellungsgrade als Beamten a Fonctioun?


3. Wéi gëtt déi exigéiert professionell Experienz vun 12 Joer evaluéiert beim Staat a bei de Gemengen? Ass dëst eng einfach professionell Experienz vun 12 Joer virun der Astellung oder eng professionell Experienz vun 12 Joer ab dem Erhalt vun engem spezifeschen Diplôme, oder au Cas par Cas no net festgeluechte Krittären an discrétionnairement vum Regierung- respektiv Schäffe-/Gemengerot? Scho bei der Création de poste oder réischt bei der Astellung?


4. Am Kader vun der Astellung op der Gemeng, muss bei der Astellung vun engem Salarié à tâche intellectuelle an och no dem Vott vum Gemengerot am Kader vun den uewegenannten Dispositiounen, och nach eng Transmission obligatoire op den Inneministär gemaach ginn. Huet den Inneministär spezifesch Krittäre fir déi professionell Experienz vun 12 Joer ze evaluéieren an och déi spezifesch gefrote Qualifikatiounen, oder suivéiert den Inneministär d’Krittären déi vum Schäffe-/Gemengerot fixéiert goufen?


5. Vu que dass keng weider Krittären an den uewe genannten Dispositioune stinn, außer déi professionell Experienz vun 12 Joer, plus déi neidesch spezifesch Qualifikatioune fir de betraffene fräie Posten, dierfte Persounen déi aktuell schonn am Staats- respektiv Gemengendéngscht sinn (onofhängeg vun hirem aktuelle Statut), iwwert dës Prozedur nei agestallt ginn. Le cas échéant och souguer an där nämmlechter Verwaltung/Ministär. Falls net, firwat?


vor in Fonction publique von | 10 Aufrufe

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU. Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen deposéieren dës dann an der Chamber. D'Ministeren mussen dozou äntwerten, an d'Äntwerte ginn op FRO.LU publizéiert.