FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
76 Aufrufe

Gudde Moien,

Ech wollt matdeelen dass et erëm eng Rupture de Stock vum Cannabis gett.


Hunn elo am CHEM ugeruff, et gett kee Cannabis a kee weess wéini déi nächtst Liwwerung era kennt.

D´Patienten mussen erëm hir Therapie ënnerbriechen an ob staark Medikamenter zéreck gräifen.

Wat nach schlecht ass, dass d´Patienten all Dag mussen an d´Apikten uruffen fir nozefroen ob eng Liwwerung era komm ass.

Dat nervt natierlech verständlecherweis d´Personal aus den Apdikten.

-Firwat ginn d´Patienten net per Email/SMS informéiert soubal erëm Cannabis disponibel ass se erëm können e RDV an enger Apdikt huelen?

-Firwat kréien d´Patienten keng Email/SMS e puer Deeg ier sech eng Rupture de stock ukënnegt?

Dat géing de Patienten Zäit ginn fir sech beim Dokter aner Medikamenter verschreiwen ze loossen. 

MbG
in Santé von
Geännert von | 76 Aufrufe

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.