FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
772 Aufrufe

Gudde Moien,

 

Et ginn handicapéiert Leit déi awer trotz hierem Handicap nach könne schaffen, sief et um normalen Aarbechtsmaart oder an engem Atelier protégé.

 

Dese Statut gett RSH genannt, Statut de salarié handicapé.

 

Quell: https://guichet.public.lu/fr/citoyens/travail-emploi/salarie-handicape/inscription-travailleur-handicape-adem/revenu-salarie-handicape.html

 

 

A da ginn e handicapéiert Leit déi de Statut vum Travailleur gravement handicapés hunn, an esou krank sinn dass se guer net méi könne schaffe goen, bzw e permanente Fleegefall sinn.

 

Dese Statut geet och RPGH genannt.

 

Dess Leit gi vun entweder vun der Commission médical vun der ADEM evaluéiert oder am Sträifall duerch de CASS, deen se bei en Expert médical scheckt den dann seng eng Experise  vun der betraffener Persoun mecht.

 

An denen 2 Zeitungsartikelen ass nozeliesen dass handicapéiert Leit zelwescht behandelt ginn wéi Leit déi de REVIS kréien.

 

https://www.rtl.lu/news/national/a/2052737.html?utm_source=dageszeitung&utm_medium=email&utm_campaign=dz_20230417_11

 

https://www.lessentiel.lu/de/story/ihr-koerper-laesst-sie-im-stich-und-dann-entdeckt-sie-die-hypothek-760311128907

 

Et ass bekannt dass de Revis erem muss zéreck bezuelt ginn soubal een zu Sue kennt oder eng Ierfschaft mecht.

Dat ass och vollkommen an der Rei, well wen gesond ass muss och schaffe goen.

 

Leit awer déi, onofhängeg vun hierer Volontéit, esou handicapéiert sinn dass se den RPGH kréien well se ni méi können schaffe goen, kréien automatesch och eng Hypothéik op hiert Haus gemaach.

 

Wann ee mat 30 Joer zum Beispill e Fleegefall gett an den RPGH kritt an ni méi ka schaffe goen, a mat 75 Joer stierft huet ee bal 1 Millioun Hypothéik op sengem Haus.

 

45 Joer x 12 Méint x 1700€/Mount = +- 1 Millioun déi een dem Staat schelleg ass. An den Index klemmt emmer weider.

 

D´Kanner gi quasi vum Staat entierft well d´Elteren schwéier handicapéiert sinn, ausser si musse selwer am Haus bleiwen.

 

Wann d´Kanner d´Haus welle verkafen kennt de Staat a kasséiert dat komplett Haus einfach an, bis op 274.000€, dat ass mol net de Präis vun enger Garage.


-Wou ass den  Projet de loi momentan drun?


-Wéi kann et sinn dass d´Leit kee Schreiwes vum FNS kréien fir matzedeelen dass eng Hypothéik gemaach ginn ass?


-Ass et net esou dass e muss informéiert ginn wann eng Hypothéik gemaach gett?


-Wéi kann ee sech dogéint wieren?



MbG

 

 


in Famille, Intégration et la Grande Région von | 772 Aufrufe

2 Kommentare

Gudde Moien,


Jo mir Piraten sinn eis der Problematik do duerchaus bewosst, mir hunn am Kader vun eisem Walprogramm fir d'Chamberwalen och schonn iwwert genau dëse Problem geschwat. Mir fannen et och net richteg dass een beim RPGH dës Hypothéik gemaach krett. Et ass esou dass et um Site vum FNS bei der Erklärung vum RGPH steet mee natierlech geet dat bäi wäitem net duer. 


Wat den Projet de loi ugeet ( deen dir hei och selwer kënnt nokuken https://www.chd.lu/fr/dossier/8066 ) do ass den 2ten Avis vum Staatsrot elo positif ass an et kéinnt domat gutt sinn, dass den Projet an de nächste 4 Wochen an der Chamber gestëmmt gëtt. Dat kënne mir als Oppositiounspartei awer leider net garantéieren. Vue dass mam Vott vum Text d'Zreckbezuelen vun dem RPGH endlech der Vergaangenheet wäert ugehéieren, denke mir dass en parlamentaresch Fro zu dësem Zäitpunkt kee Sënn méi mécht. Et ass esou dass et een Delai vun 1 Mount gëtt fir eng Äntwert an dee Moment wier d'Gesetz da wahrscheinlech schonn duerch ier eng äntwert do wier.


Falls dat net de Fall wäert sinn, wäerte mir är Froen natierlech un d'Ministesch Cahen weiderleeden.


MfG

Gudde Mëtten,

Haut ass d'Gesetz dann och effektiv gestëmmt ginn.

MfG

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.