FRO.LU is under Development
+2 Stimmen
542 Aufrufe
Kann d´Madamm Ministesch konfirméiren dass et alt erem eng Rupture de Stock an deene 4 Spidolsapdikten souwuel bei der Cannabis Zort Indica wéi och bei der Zort Sativa gett?

Wa jo, säit wéini genau besteet dess Rupture fir Zorten Indica a Sativa?

Déi wéivillt Rupture de Stock, je no Zort obgezielt, ass dat elo schonn säit Ufank vun der Distributioun vum medizinesche Cannabis?

Wouduerch ass dess aktuell Rupture zereck ze féieren?

Firwat bestellt de Ministère net am Viraus wann sech undéit dass d´Stocken vun den Apdikten lues a lues erof ginn?

Wéini ginn d´Apdikten erem beliwwert, ass de genauen Datum bekannt?

Wéi eng Quantitéiten a Zorten gi bestallt, vu wéi engem Fournisseur?

Wéi laang wäerten dess Quantitéiten duer goen fir déi aktuell Patienten können ze versuergen?

Merci am Viraus.
in Santé von
Geännert von | 542 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,

Kënnt dir eis eng Email, een Kontakt oder soss een Dokument weider leeden, wat wéisst dass an den 4 Apdikten am Moment eng Rupture de Stock ass? Dir kënnt dëst confirdentiell op piraten@chd.lu schécken.

Mat frëndleche Gréiss

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.