FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
454 Aufrufe

Gudden Owend,

 

Cannabis Patienten kréien kee Cannabis Ueleg an den Spidols Apdikten, och net wann de behandelnden Dokter explicit eng Ordonnance schreift wou Cannabis Ueleg dropsteet.

 

D´Spidols Apdikten huelen dess Ordonnancen op Ueder vun der Gesondheetsminitesch net un a schecken de Patient erem zéreck bei säin Dokter..

 

Nemmen nei Cannabis Patienten dierfen laut Gesondheetsministesch Cannabis Ueleg verschriwwe kréien.

 

Bestandspatienten kréie just nemmen eekelegt Gras wat een och nach femmen muss a wat bekanntlecherweis net ganz gesond well héich kriibserregent ass.

 

  • Kann d´Gesondheetsministerin dess Diskriminatioun géigeniwwer deenen eeleren Cannabis Patienten erklären?

 

  • Wéi ass aktuell de Stock vun allen Cannabiszorten inklusiv dem Ueleg?

 

  • Wéivill Cannabis Uelesch ass 2022 an 2023 bestallt ginn?

 

  • Wéivill nei Patienten hunn 2022 an 2023 Cannabis Ueleg an den Spidols Apdikten kritt?

 

  • Kréien aal Patienten den Ueleg da wéinstens genehmegt wann de Pneumologue e Certificat médical ausstellt dass déi betraffend Persoun eng Longekrankheet wéi Asthma, COPD, eng Longenfibrose, e Longenemphysem etc. huet an deen agressiven Damp net kann inhaléieren?
  • Wann NEE firwat net?

 

  

Merci.

Frendlech Gréiss.

 

in Santé von
Geännert von | 454 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Mëtten,


Een Patient hat eis schonn am Oktober 2022 op dësen Zoustand opmierksam gemaach an mir haaten bei der Santé appeléiert, dass se sollen genuch Ueleg kaafen, fir dass all d'Patienten es kënnen kréien. Leider bestätegt dir eis heimat, dass sech näischt gedo huet an de leschte Méint.


https://piraten.lu/en/fro-lu-cannabis-ueleg-november-2022/


https://www.facebook.com/Piratepartei/posts/pfbid02ehPjNEMtL8tY5zQXoR3hBJ65p3NC8VdWJAKncY2XugqQnbjgrMocvQoUEqA21pY2l

"250 Flaconen hat de Gesondheetsministère am November 2021 geliwwert kritt. Elo, 1 Joer duerno, si grad eemol 6 Fläschen un Patiente verdeelt ginn."


Et deet eis wierklech leed, dass d'Patienten vum medezinesche Cannabis nach ëmmer keen anstännegen Accès zu hire Medikamenter hunn. Mir wëssen awer och net méi wéi mir d'Ministesch nach kéinnten zu engem Emdenken bréngen.


Hei all eis Aarbecht bis elo zum Thema:

https://sven.lu/cannabis/


Mat frëndleche Gréiss,


Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.