FRO.LU is under Development
+4 Stimmen
1.2k Aufrufe

Ech hu festgestallt, dass am Détail vum Artikel 13.0.33.020 deen een am Projet de Loi vum jeweilegen Exercice ka gesinn jährlech ëmmer 5 oder 6 stelleg Beträg fir d’Preparation vun de paralympesche oder olympesche Spiller opgelëscht goufen. Eng Ënnerstëtzung vum Behënnertesport ass immens wichteg an nëmmen ze begréissen.


Ech kann awer néierens am Budget oder am Projet de Loi eppes fannen wat Special Olympics vun Ënnerstëtzung fir hier Summer- bzw Wanterspiller kréien. Dëst Joer sinn z.B. d’Special Olympics World Games zu Berlin.

Meng Fro ass elo ob Special Olympics och eng extra Ënnerstëtzung fir d’Preparatioun fir hier Weltspiller kritt a wa jo, vu wéienegm Artikel?

Wann nee, aus wéienge Grënn kréien se déi dann net a stellt dat dann net eng Diskriminatioun vu geeschteg behënnerte Sportler duer?


Weiderhinn hunn ech op der Sich no enger Äntwert dorobber am leschte Rappport d’activité 2021 deen de Sportministère verëffentlecht huet gesinn, dass d’Joer 2020 Luxemburg Paralympic Comitee LPC (Handisports) 197 Lizensen hat an 118.327,93€ Subside kruten während Special Olympics (ALPAPS) laut Rapport d’activité 653 Lizensen haten an 19.711.79€ u Subside kruten. Am Verhältnis kritt e Sportler vu Paralympic 20 mol méi wéi e Sportler vu Special Olympics. Wéi setzen sech déi eenzel Beträg zesummen a wéi sinn déi grouss Ënnerscheeder bei den 2 Federatiounen fir Behënnertesport ze erklären?

 

Merci fir ären Asatz.

geschlossen
in Sports von
geschlossen von | 1.2k Aufrufe

5 Kommentare

Die hohen Beträge für LPC basieren höchstwahrscheinlich auf die sportlichen Resultate von Tom Habscheid.

2012 bekamen LPC und ALPAPS noch etwa identische Beträge und ab dem Jahr 2013 gingen die Zuschüsse auseinander. Im gleichen Jahr 2013 errang Habscheid erste internationale Resultate. Danach gingen die Zuschüsse immer weiter auseinander und stiegen quasi parallel zu den Erfolgen von Tom Habscheid.

Soweit so gut. Sportliche Leistungen wie Tom Habscheid sie auf internationaler Ebene vollbracht hat können durchaus gefördert werden. Doch eine Förderung vom Behindertensport abhängig von sportlichen Resultaten zu machen ist doch sehr bedenklich und hat mit den Werten des Sports und vor allem den sozialen Missionen des Sports wie eben Inklusion nichts zu tun.

Insgesamt zeigt dieses Missverhältnis leider nur zu gut, dass in Luxemburg nur der Wettkampfsport zählt und gefördert wird, alle andere Aspekte des Sports werden ignoriert.

Im Endeffekt handelt es sich in der Tat um eine Diskriminierung von Behinderten und dies in einem Ressort das seit Jahrzehnten von einer angeblich sozialen Partei geleitet wird. Das in einen Super-Wahljahr anzusprechen wird dem Sportminister sicher nicht gefallen und seine Argumente diese Diskriminierung zu rechtfertigen würden mich schon interessieren.

Gudde Moien,


Mir kënnen d'Zuelen dei dir aus dem Rapport vun 2021 nennt, leider net verifizéieren. Mir fannen d'Lizenzuelen an d'Budgetslinnen net an dësem Text. https://gouvernement.lu/fr/publications/rapport-activite/minist-sports/msp/2021-rapport-activite-msp.html Sinn dëst Deeler aus dem Budgetsgesetz vun 2021 déi dir zitéiert? Kënnt dir eis de Link an d'Säitenzuel nennen, op deenen är Zuelen baséieren w.e.g?


Eis Deputéiert wieren intresséiert är Fro un de Minister weider ze ginn. 


Mat frëndleche Gréiss,





Gudde Mëtteg,

Äre Link ass awer dat richtegt Dokument.

Op der Säit 22 stinn d'Subsiden déi de Sportministère 2020 un d'Federatiounen verdeelt huet an op der Säit 98 stinn d'Lizensen.

Special Olympics stinn an deenen Tabellen nach als ALPAPS drann an LPC als Handisports.

Ech hoffen ech konnt iech hëllefen.
Di Diskriminéirung ass na vill mi schlömm wi der elei schreift.

Kuckt mol de Projet de Loi 7955 vum Sportgesetz wo de congé sportif reforméiert gött.

Do gött kee Wuert iwwert Special Olympics oder geistig behënnerte Sportler verluer.

Di existéiren fir de Sport net.

Et muss ee Sportler vum Elite Kader vum COSL oder LPC sinn fir de Maximum un Congé sportif ze kréien.

E geeschteg behönnerte Sportler oder sing Betreier kommen irgendwann fréisten am Punkt 7 vum Art 15( 4) a Fro a können maximal 25 Deeg kréin oder nach manner well se Équipe von Special Olympics nicht als Nationalmannschaft ugesinn.

E Sportler vu COSL oder LPC kritt 90 Deeg.

Dat ass bis elo kengem opgefall oder vleicht besser gesot, et stéiert sech a Luxusbuerg keen drunn. Hier göllt nur Leistungssport. Da sind wir ja weltklasse drin und räumen jedes Joer alle internationalen Meeschterschaften ab. (Ironie falls dat keiner bemierkt huet)

Wann dat keng Diskrimination ass, da wees ich och nit wat Diskrimnation soll sönn.

Do ging ich wirklich gären de Sportminister sing Argumenter héiren firwat dies esu ass. Firwat sinn geistig behönnerte Sportler viel manner wert wi gesund Leit oder körperlich behinderte Sportler?

Misst eng staatlich Unterstötzung nicht gerade für die schwächsten der Gesellschaft sönn?

Liebe Piraten, wenn ihr dazou eng äntwert mat kloer Argumenter vum Sportminister kritt fir dass ich dat och verstehn kann an einseh, dann kritt dir ming Stömm am Juni an Oktober.

Gudde Moien,


D'Äntwert vum Sportsminister ass elo do, an dir kënnt se Iech hei noliesen: https://piraten.lu/en/fro-lu-staatlech-ennerstetzung-vum-sport-fir-leit-mat-handicap/


Falls nach Froen zu dësem Thema bléiwen, zeckt net eis ze mat ze deelen.


MfG


1 Answer

Best answer

Gudde moien


Mir hunn d'Fro elo un de Minister fir Sport weidergeleet.

Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-staatlech-ennerstetzung-vum-sport-fir-leit-mat-handicap/

Den Delai fir eng äntwert ass 1 Mount a mir soen Iech op dëser Plaz Bescheed wann eng Äntwert do ass.


Zum Kommentar vum Här/der Madamm Bobsti: Dëst sinn ganz intressant Remarken déi dir maacht, déi mir am Kader vum Gesetzesprojet 7955 och wäerten uschwätzen. Mir dierfen leider keng Froen iwwert laafend Projeten stellen, well Deputéiert hei sollen an de Kommissiounen dës Zäit notzen. Wat mir och wäerte maachen


Mat frëndleche Gréiss,



von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.