FRO.LU is under Development
0 Stimmen
942 Aufrufe

Moie,

Eise ëffentlechen Transport ass jo net onbedengt fir seng Pünktlechkeet bekannt. Bei der CFL falen vill Zich aus oder hu Verspéidung.

Aus den Statistiken vun der CFL kann ech leider net vill erausliesen a si wahrscheinlech e bësschen méi schéin gerechent. Awer dat géif ech gär emol selwer gesinn, dowéinst meng Fro:

  • Ass et méiglech datt d’CFL hier Daten vun den Zich (fir all Faart, Arrivée, Départ, pro Gare, pro Zuch) als oppen Datebank (z.B.: data.public.lu) zur Verfügung stellt a permanent aktualiséiert? Sou datt all Bierger déi Statistike selwer nokucke kann.

Vläicht ass et méiglech déi erhuewen Date fir den ganzen Réseau (TICE, RGTR, ...) zur Verfügung ze stellen.

mat beschte Gréiss


geschlossen
in Mobilité et Travaux publics von
geschlossen von | 942 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,


D'Äntwert op d'Fro ass elo do. Verschidden Datesäz sinn am Open Data anzegesinn.

https://piraten.lu/fro-lu-date-vun-der-cfl/


Mat frëndleche Gréiss

1 Answer

Best answer

Gudde Moien 



Mir hunn är Fro virun Chrëchtdag eragereescht a si misst dann fir Enn dës Mounts beäntwert ginn.

https://piraten.lu/fro-lu-date-vun-der-cfl/



MfG

von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.