FRO.LU is under Development

Cannabis Ueleg [geschlossen]

+2 Stimmen
1.3k Aufrufe

Gudden Owend,

 

Säit dem neie Circulaire vum Ministère de la santé un d´Dokteren vum 24.10.2022 ass de Cannabis Ueleg elo disponibel, dank och de ville Nofroen zu dem Thema vun de Piraten.

 

Et ass awer esou dass just nei Patienten, déi nach NI Cannabis verschriwwen krut hunn, desen Ueleg könne verschriwwe kréien.

 

All Cannabis Patient dee schon eng Kéier Bléie verschriwwe kritt huet däerf kee Rezept fir Cannabis Ueleg kréien.

 

De Patient geet quasi weider gezwongen THC duerch seng Longen ze zéien wat net gesond ass, obwuel et mettlerweil eng manner schéidlech Alternativ gett.

 

An zwar de Cannabis Ueleg, et gett en Dreps ennert Zong geluet an dat war et.

 

Firwat kréie just nei Patienten den Uelesch verschriwwen an déi bestehend Patienten net?

 

Merci.

MbG


geschlossen
in Santé von
geschlossen von | 1.3k Aufrufe

5 Kommentare

Gudde Moien,

Mir sinn am gaangen eis iwwert dës Circulaire z'informéieren. Mir bieden ëm e bëssen Gedold.

MfG
Villmools merci.
Dat ass erem typesch fir de Ministère de la santé.

Léiwer d´Leit u Kehlkopf-Speiseröhre oder Longekrebs erkranke loossen duerch déi stännech Inhalatioun vu Cannabis wéi deenen ale Cannabis Patienten eng Dreps Ueleg ze ginn.

Eigentlech misst et emgedréint sinn, déi nei Cannabis Patienten sollten mol gezwonge ginn Bléien ze femmen an déi al Patienten sollten vun de Bléien erof geholl ginn an hier Therapie duerch Ueleg ersat ginn well se dee Knascht scho laang genuch gefemmt hunn.

Wéi kann eng GESONDHEETSMINISTESCH  esou eng Decisioun huelen déi d´Leit an d´Ärm vun enger Kriibskrankheet dreift?

Moien,


Haut koum d'äntwert vun der Ministesch. Si gëtt alles zou an d'Zuelen sinn...mir sinn éierlech eis feelen e bëssen d'Wierder dass een no 1 Joer nëmmen 6 Fläschen Ueleg erausginn huet. Mir wäerten dodrober politesch reagéieren. https://piraten.lu/fro-lu-cannabis-ueleg-november-2022/

Moien,

Villmools merci.

Emmer aner Ausrieden vu der Ministesch. Emmer ass nach eng Evaluatioun vum reelle Besoin oder soss eppes am gaangen.

Et fänkt u lächerlech ze ginn. An enger nächster QP kinnt ee froen wéivill Evaluatiounen et scho ginn hunn a wéi eng Erkenntnisser se bruet hunn ;-) 

Merci Piraten, där maacht en exzellten Job an der Chamber an d´Friichten wäerten sech bei dengen nächste Wahle weisen.

1 Answer

Best answer

Gudde Moien,


Mir hunn är Fro elo eragereescht. Wéi ëmmer soen mir Bescheed wann d'Äntwert bis do ass.


MfG


https://piraten.lu/fro-lu-cannabis-ueleg-november-2022/

von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.