FRO.LU is under Development
0 Stimmen
814 Aufrufe
De projet de loi 8010 gesäit weiderhinn e Bäihale vum 3G-Regime (CovidCheck) an de Spideeler an Altersheemer vir, fir Personal wéi och fir d'Visiteuren.

Ob wéienger wëssenschaftlëcher Argumentatioun baséiert des Entscheedung, wëssend dass d'Inzidenz säit Méint bei de geimpfte Leit méi héich ass wi bei den ongeimpften (Rapports Covid vun der Santé), an an absoluten Zuelen iwwer 80% vun den Infektiounen op Geimpfter zréckginn?

Op wéienger Noutwendegkeet oder Urgenz baséiert des Entscheedung, wëssend dass d'Situatioun an de Spideeler méi roueg ass wi bei all Grippewell, wu et jo och ni en "Influenza-Check" gebraucht huet?
in Santé von | 814 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Mëtten.

 

Beim Projet 8010 goufe keng nei wëssenschaftlech Donnéeë bäigeluecht déi eng Entscheedung an déi eng oder aner Richtung beleeën. Hei gëllt fir eis Piraten de Prinzip vun der Proportionalitéit. D'Aschränkunge vum Gesetz sinn am Moment ganz limitéiert a solle virun allem déi vulnerabelst an der Populatioun nach e bësse besser schützen. Hei muss och gesot sinn, dass wann de Virus sech bis an enger Klinik oder engem Altersheim verbreet, d'Struktur wärend Woche mam Virus ze kämpfen huet an net nëmme schwéier Krankheetsfäll mee och Personnalausfäll riskéiert. Dofir gëllt net nëmmen den 3G mee och d'Maskeflicht an déi vive Recommandatioun sech d'Hänn ze desinfizéiere wann een esou Strukture betrëtt. 

 

Ewéi gesot, mir Pirate gesinn hei eng kleng Aschneidung déi de vulnerabelste soll ze gutt kommen a mir hunn d'Covid Gesetz dofir haut och matgestëmmt.

 

Mat frëndleche Gréiss,

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.