FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
887 Aufrufe
Gudde Moien,

Den Revenu pour personnes gravement handicapées ass steierfräi.

Firwat MUSS den RPGH da bei enger gemeinsamer Steiererklärung bei de geamte Revenu imposable dobäi gerechent ginn, obwuel dee eigentlech jo steierfräi soll sinn?

Doduerch bestinn ganz grouss Chancen a mi en héigen Barême ze falen a VILL mi héich besteiert ze ginn.

Firwat gëtt den RPGH dann awer mat besteiert obschonn e sollt steierfräi sinn?

Villmools merci am Viraus.

MbG
in Finances von | 887 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,

Effektiv muss en den RPGH op senger Steiererkläerung uginn, an dësen kann dann och zu engem Placement an engem méi héije Barême suergen. Obwuel also verschidden Cotisatiounen net vun Persounen mat RPGH bezuelt musse ginn, ass kann et sinn, dass een als Stot muss Lounsteier un d'Steieramt bezuelen.

Mir Piraten sinn net averstaanen mat dësem System a fuerderen säit Joeren een Grondakommes an eng Upassung vun der Steiertabell, wouduerch esou kleng Revenuen net bestéiert géife ginn.

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.