FRO.LU is under Development
0 Stimmen
952 Aufrufe

Bonjour,

Diskussioun iwwert néi Covid Mesuren.

Ech sinn 2 Mol geimpft a geheieren zu deenen de och reegelméisseg heiheem en plus Schnelltester gemaach hunn. Leider hat ech Pech an en Schnelltest war den 4. Dezember positiv.

Als responsabelen Bierger hunn ech mech dunn selbstverständlech anQuarantaine gesat. Ech hat schonns en Rdv. fir den Booster konnt dunn net goen an muss bis Enn Januar waarden.

Wat geschitt dann elo mat mir? Ech hunn en Genesungszertifikat mee wann ech zweschen den Zeilen liesen, dierf ech jo dann wahrscheinlech an nächster Zukunft nirgends mei hin obwuel ech genesen sin an 2 Mol geimpft sinn? Laut Ausso vun Dr.  kann en Genesenen nämlech duerchaus am Test positiv sinn och wann en net mei  ustiechend ass.

Fazit ech hunn alles  gemaach wat vun engem responsabelen Biergerverlaangt gëtt an ginn dann selwecht behandeltwéi en den sech net well impfen.

Merci fir Är Ennerstezung
LG
Claude Kaiser

in Santé von | 952 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,

Haut kënnt dir als 2x geimpftenen iwwerall hin, dir muss just op verschiddene Plaze wéi dem Restaurant een Schnelltest maachen. Mam Covid-Text deen d'nächst Woch soll gestëmmt ginn, wäert ären Genesungszertifikat AN ärem Impfzertifikat d'Krittäre vum 2G+ erfëllen. Dann dierft dir grad wéi een 3x geimpftenen iwwerall och ouni Schnelltest hin.

Mir schaffen am Moment nach un enger Iwwersicht iwwert dat neit Gesetz.

Mat frëndleche Gréiss,

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.