FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 Stëmm
56 Aufrufe
Firwart gëtt et keen Internet Site wou d’Restaurant an Café enregistréiert sinn déi Covid-Check de manière générale oder à une date précise applizéieren. 

Sou ee Site wier utile fir dass d’Leit, déi a Sëcherheet wëllen eppes Iessen oder Drenken goen, sech vorab informéieren kennen an wat fir eng Etablissementer si kennen goen. 

Domat géif een evitéieren kennen dass een virum Restaurant oder Café steet fir dann feststellen ze mussen dass do leider kee Covid Check gëlt. 

Glaichzaiteg géif dat dann och den Impf-Skeptiker erlaben just an Etablissementer ze goen déi hiren Iwwerzeegungen entspriechen, an wou keen Covid Check gëllt. 

Déi Transparenz déi sou ee Site géif brengen géif souwuel den Impfbefürwortern an Impfskeptiker entgéint kommen, an géif den Horesca Etablissementer erlaben sech ze positionéieren an keng unzefridden Clienten am Agang ze hunn déi wéinst der enger oder der anerer Situatioun rebelléieren. 
geschlossen
vor in Santé von
geschlossen vor von | 56 Aufrufe

1 Answer

Best answer
Gudde Moien,

Mir hunn är Fro un den Mëttelstandsminister gestallt an dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-covidcheck-websait/

D'Äntwert ass wéi gewinnt a ronn engem Mount z'erwaarden.

Mat frëndleche Gréiss,
vor von
Wëllkomm op FRO.LU, wou s Du parlamentaresch Froen preparéieren a proposéieren kanns. D'Deputéiert Sven CLEMENT a Marc GOERGEN kennen dës dann an der Chamber fir dech deposéieren.