Gudde Moien,
Zu villen vun ären Froen kann ech Iech eng Äntwert ginn bzw ass scho eng QP gestallt ginn.
1. Wéi vill Corona Doudeg et all Woch ginn, gëtt all Woch Mëttwochs um Site vun der Santé publizéiert.
Dir fannt Zuelen hei: https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2020/12-decembre/02-covid19-retrospective/coronavirus-rapport-hebdo-02122020.pdf
2&3&5: Wei aus der Fro 3104 geet ervir, dass all Doudegen bei deem eng Infektioun nogewisen gouf, als Corona Doudegen zielt. Wëll net bei all Doudegem, eng Autopsie gemaach gëtt, an well den Virus net nëmmen d'Longen mee och aner Organer ugräift, kann net gesot ginn, op den Virus resp. seng Wierkung Schold um Doud vun der Persoun war oder net.
https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doQuestpaDetails&id=20099
4: Wat d'Doudeszuelen am Generellen ugeet, esou gëtt den Statec do d'Zuelen eraus. Dëst menges Wëssens no awer net all Woch.
Intensivbetter:
Laut Santésrapport waren an der virleschter Woch 47,8% vun den Intensivbetter mat Covid Patienten beluecht. Dat waren 43 Leit. Wann een dat ëmrechent, sinn 100% vun den Better also 90 Better. D'Ministeren hunn betount, dass dës Zuel och nach kéint erop gesat ginn, falls néideg. Dass awer gewosst, dass virun allem d'Personal muss do sinn, well d'Better eleng net hëllefen.
Ech hoffen dass meng Erklärungen dat ganzt e bëssen mei kloer.
Mat frëndleche Gréiss,