FRO.LU is under Development
+5 Stimmen
2.3k Aufrufe
2013, daat lescht Joer, wou de Rapport d'Activité public ass (!!!) goufen 1731 Plainten beim Conseil arbitral de la Sécurité sociale agereecht. No dësem Rapport waren um Enn vum Joer 232 Plainten nët ofgeschloss. An Tëschenzait dauert ët, no Informatiounen vu Betraffenen, bis zu engem Joer, éiert de Conseil arbitral eng Décisioun getraff huet. Dëst huet oft dramatesch Konsequenzen fir di Betraffen, denen eng Ennerstëtzung (z.B. den RMG/Revis oder e Mietzuschuss) refuséiert gouf.

Wéi gesait di aktuell Situatioun aus (Zuel vun Plainten an Délaien)? Waat gedenkt d'Regierung ze ënnerhuelen, fir d'Effikacitéit vum Conseil arbitral ze verbesseren? Wier ët nët méiglech, e Schnellverfahren anzeféiren, fir z.B. ze verhënneren, dat Leit hier Wunneng verléiren, wa se se leng nët bezuele kënen?
geschlossen
in Sécurité sociale von
geschlossen von | 2.3k Aufrufe

1 Answer

Best answer

22. Oktober 2019:


Mir soen Iech villmools Merci fir Är Fro!

 
Eng entspriechend parlamentaresch Fro ass rezent vu Säite vun der DP un de Minister gaangen:


Soubaal eng Äntwert virläit kënne mir gegebenenfalls nach emol nofroen.
von
ausgewählt von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.