FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Viergeschlo
Parlamentaresch Ufro iwwert d’Iwwerbeleeung vum CPL an dem CPU

No Informatiounen, sollen den 19.09.2026 eng ronn 30 Persounen aus dem CPU an de CPL op Schraasseg transferéiert gi sinn. Souwuel de CPU wéi och de CPL sollen zu deem Zäitpunkt voll ausgelascht respektiv iwwerbeleeë gewiescht sinn.

An deem Kontext stellen sech Froen iwwert déi aktuell Kapazitéiten, d’Ënnerbréngung vun de betraffene Persounen an den Ëmgang mat alternativen Moossnamen.

Dofir biede mir d’Madamm Justizministesch, follgend Froen ze beäntweren:

1. Wéi vill Persoune sinn aktuell am CPL respektiv am CPU ënnerbruecht, a wéi vill Plaze stinn an deenen zwou Ariichtungen offiziell zur Verfügung?

2. Aus wéi engem Grond goufen den 19.09.2026 ronn 30 Persounen aus dem CPU an de CPL transferéiert, obwuel béid Ariichtungen zu deem Zäitpunkt schonn héich ausgelascht waren?

3. Ass et richteg, datt am Kader vun dësen Transferten och Persounen an de Kamerazellen ënnerbruecht goufen, well déi regulär Zellen am CPL scho besat waren?

4. Alleng am Joer 2026 sollen däitlech méi Demande fir eng elektronesch Iwwerwaachung (Foussfessel) agereecht gi sinn ewéi am Joer 2025. Wéi vill Demande goufen an de Joren 2025 an 2026 jeeweils agereecht?

5. Wéi vill vun den am Joer 2026 agereecht Demande fir eng elektronesch Iwwerwaachung goufen ugeholl respektiv refuséiert? Wéi eng Grënn leien de Refusen zugronn, a wéi eng Roll kéint dës alternativ Moossnam bei der Reduktioun vun der Iwwerbeleeung vum CPL spillen?

6. Aus wéi enge Grënn kann den Délégué du procureur général eng Demande fir eng elektronesch Iwwerwaachung (Foussfessel) refuséieren, och wann d’Kommissioun virdrun e positiven Avis dozou ofginn huet?
vor in Justice von

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU. Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen deposéieren dës dann an der Chamber. D'Ministeren mussen dozou äntwerten, an d'Äntwerte ginn op FRO.LU publizéiert.