FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Viergeschlo

Ras le bol mat dem Tour de Luxembourg, hei eng Propose fir eng QP, Dir kennt iwwerhuelen wat der wëllt :-)


Betreff: Organisatioun vum Škoda Tour de Luxembourg 2026 an Auswierkungen op de Verkéier

De Škoda Tour de Luxembourg ass vum 16. bis den 20. September 2026 organiséiert ginn. Déi éischt Etapp vum Mëttwoch, dem 16. September, hat hiren Depart an hir Arrivée an der Stad Lëtzebuerg.

No den Informatioune vun der Stad Lëtzebuerg war d’Arrivée um Fëschmaart géint 17.45 Auer virgesinn. Am Kader vun dëser Etapp ware verschidde wichteg Verkéiersachsen iwwer méi laang Zäit gespaart. Esou waren ënner anerem de Boulevard Victor Thorn an d’Montée de Clausen vun 12.00 bis 22.00 Auer zou, an och zu Eech ware verschidde Stroosse vu 15.00 bis 21.00 Auer gespaart.

D’Arrivée ass domat genee an d’Spëtzestonn um Enn vun engem normalen Aarbechtsdag gefall, zu engem Zäitpunkt also, wou vill Leit vun hirer Aarbechtsplaz heemfueren. Dobäi koum, datt d’Etapp direkt um Ufank vun der Schoulrentrée 2026/2027 stattfonnt huet.

Wann ee bedenkt, datt de Verkéier an a ronderëm d’Stad Lëtzebuerg och ouni gréisser Manifestatioune reegelméisseg staark belaascht ass, stellt sech d’Fro, ob d’Auerzäit, d’Stroossespären an d’Ëmleedungen optimal geplangt a kommunizéiert waren.

An deem Kontext wéilte mir der Madamm Minister fir Sport, der Madamm Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, dem Här Minister fir bannenzeg Ugeleeënheeten an dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

1. Wien decidéiert konkret iwwert de Parcours an d’Auerzäite vun den eenzelen Etappe vum Škoda Tour de Luxembourg? Wéi eng staatlech a kommunal Autoritéite ginn an dës Entscheedung agebonnen?
2. Firwat ass d’Arrivée vun der éischter Etapp géint 17.45 Auer an der Stad Lëtzebuerg virgesi ginn, also genee an der Spëtzestonn vun engem normalen Aarbechtsdag? Goufen aner Auerzäiten oder Parcoursen ënnersicht, déi manner Auswierkungen op den normale Verkéier gehat hätten?
3. Ass am Virfeld analyséiert ginn, wéi eng Auswierkungen dës Etapp op de Verkéier an der Stad an op déi wichtegst Zou- an Ausfaartsachsen hätt? Wa jo, wéi eng Staubereicher an zousätzlech Fuerzäite goufen dobäi erwaart?
4. Waren am Virfeld Strecken definéiert ginn, iwwer déi d’Leit trotz de Stroossespären aus der Stad erausfuere konnten? Wa jo, wéi goufen dës Strecken ugewisen a kommunizéiert? Wann net, firwat gouf keen däitlech gekennzeechenten Auswee aus der Stad virgesinn?
5. Et schéngt, wéi wann Automobilisten deelweis vun enger Stroossespär bei déi nächst geschéckt goufen, ouni datt ëmmer kloer war, wéi eng Strooss nach op war. Wéi eng Instruktioune kruten d’Police, d’Gemengenagenten an déi aner Servicer, déi op der Plaz de Verkéier gereegelt hunn? Haten si permanent aktuell Informatiounen iwwer all Stroossespären an Ëmleedungen?
6. Sinn d’Informatiounen iwwer d'Stroossespären, hir Dauer an déi virgesinn Ëmleedunge rechtzäiteg u Navigatiounsdéngschter wéi Waze, Google Maps an Apple Maps weidergeleet ginn? Wa jo, vu wiem a wéini? Weess d’Regierung, ob dës Informatiounen och effektiv an deenen Déngschter ze gesi waren?
7. Gesäit d’Regierung et als sënnvoll un, fir zukünfteg grouss Manifestatiounen eng standardiséiert Prozedur anzeféieren, iwwer déi esou Stroossespären automatesch un déi wichtegst Navigatiounsdéngschter weidergeleet ginn?
8. Wéini genee goufen déi detailléiert Informatiounen iwwer d’Stroossespären un d’Ëffentlechkeet kommunizéiert? War dës Informatioun no Meenung vun der Regierung fréi a kloer genuch, fir datt notamment Leit, déi an der Stad schaffen, hiren Heemwee hätte kënnen upassen?
9. Wéi eng Informatioune kruten de CITA, den ACL an d’Radiosender während der Course iwwer gespaart Stroossen, Ëmleedungen an déi Strecken, déi nach op waren? Gouf et e System, iwwer deen dës Informatiounen an Echtzäit aktualiséiert goufen?
10. Wéi vill Poliziste waren am Kader vum Škoda Tour de Luxembourg 2026 am Asaz, a wéi vill dovun eleng fir déi éischt Etapp? Souwäit d’Regierung dës Donnéeën huet: Wéi vill Gemengenagenten an aner ëffentlech Bediensteter waren och mobiliséiert? Wéi héich waren d’Käschten dovun a wéi en Deel gëtt vum Organisateur gedroen?
11. Wéi héich war déi total ëffentlech Ënnerstëtzung fir d’Editioun 2026 vum Škoda Tour de Luxembourg, all Forme vun Hëllef zesummegerechent? Huet d’Regierung och Informatiounen iwwer d’Käschten, déi bei de Gemengen entstane sinn, zum Beispill fir d'Sécherheet, d'Signalisatioun, d’Verkéiersreegelung, d’Botzen oder d’Upassunge vum ëffentlechen Transport?
12. Wéi gëtt beim Autoriséiere vun esou enger Manifestatioun de sportlechen, touristeschen a promotionellen Interessi géint d’Konsequenze fir d’Leit, d’Betriber an den alldeegleche Verkéier ofgeweit? Spillt dobäi och d’Fro eng Roll, ob eng Etapp oder Arrivée an d’Spëtzestonn fält?
13. Gëtt den Ëmweltimpakt vum Tour evaluéiert? Wa jo, ginn dobäi och déi zousätzlech Emissioune berücksichtegt, déi duerch Stauen, Ëmweeër an déi vill Begleet-, Police- an Organisatiounsgefierer entstinn? Wann dat bis elo net de Fall ass, ass geplangt, dëst an Zukunft mat anzerechnen?
14. Wéi ass d’Situatioun vun enger Persoun, déi trotz enger normal geplangter Fuerzäit wéinst enger Stroossespär oder engem duerch d’Course verursaachte Stau e medezineschen, berufflechen oder anere bezuelte Rendez-vous verpasst an doduerch e finanzielle Schued huet? Gëtt et an esou engem Fall eng Méiglechkeet, eng Entschiedegung oder e Remboursement ze froen?
15. Wéi war garantéiert, datt Ambulanzen, Rettungsdéngschter, Dokteren, Fleegeservicer an aner essentiell Servicer trotz de Stroossespären duerch déi betraffe Quartiere komme konnten? Sinn den 16. September Retarden oder aner Problemer bei esou Servicer gemellt ginn?
16. Wéi vill Reklamatiounen oder Meldungen iwwer d’Stroossespären, den Trafic oder d’Informatioun vun den Automobilisten hunn déi zoustänneg Servicer no der éischter Etapp kritt? Ass en Debriefing tëschent dem Organisateur, de concernéierte Ministèren, der Police, der Stroossebauverwaltung an de Gemenge virgesinn?
17. No de Problemer bei der Editioun 2020 war en Aarbechtsgrupp agesat ginn, an deem ënner anerem de Sportsministère, de Mobilitéitsministère, d’Stroossebauverwaltung, d’Police an déi zoustänneg Servicer am Beräich vun der bannenzeger Sécherheet vertruede waren. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 4949 vum 13. September 2021 hat den deemolege Sportminister och op verschidden Adaptatiounen higewisen an en neien Debriefing ugekënnegt.

Wat waren déi konkret Conclusioune vun dësen Aarbechten? Goufen deemools och d’Auerzäite vun de Courssen, d'Spëtzestonnen, d’Ëmleedungen an d’Informatioun vun den Automobilisten thematiséiert? A wéi eng vun deene Moossname sinn nach am Joer 2026 applizéiert ginn?

18. Gesinn d’Ministeren no den Erfarunge vun dëser Editioun Ännerunge fir déi nächst Jore vir? Ass notamment virgesinn, Arrivéeën an de grousse Stied an de Spëtzestonne sou wäit wéi méiglech ze vermeiden, kloer Ausweeër an Ëmleedungen am Virfeld festzeleeën an d’Informatioun vun den Automobilisten an Echtzäit ze verbesseren?


vor in Sports von

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU. Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen deposéieren dës dann an der Chamber. D'Ministeren mussen dozou äntwerten, an d'Äntwerte ginn op FRO.LU publizéiert.