FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Viergeschlo
Betrëfft: Transparenz an Zouverlässegkeet vu Patientebewäertungen op Online-Plattformen am Gesondheetsberäich

Vill Patienten orientéieren sech hautdesdaags un Online-Bewäertungen, fir en Dokter oder eng medezinesch Ariichtung auszewielen. Déi publizéiert Bewäertunge kënnen domat e wesentlechen Afloss op d'Vertrauen an d'Entscheedung vun de Patienten hunn.

Am Zesummenhang mat enger net verëffentlechter Patientebewäertung op der Plattform Doctena hunn ech vum Doctena Customer Care folgend Äntwert kritt:

Votre demande (571853) a été résolue. Vous trouverez ci-dessous les derniers commentaires de notre agent.

Répondre à cet email rouvrira le ticket.

Voici un rappel de l'objet de cette demande :

 

Frédéric L***te (Doctena) 

4 août 2026, 11:22 UTC+2 

Bonjour, 

 

Les avis sont gérés par le cabinet/docteur. Doctena n'a pas accès aux avis. 

 

Cordialement, 

--

Doctena Customer Care

Aus dëser Äntwert geet ervir, datt d'Bewäertunge vum jeeweilege Cabinet respektiv vum Dokter geréiert ginn an datt Doctena selwer keen Zougang zu dëse Bewäertungen huet.

Dës Praxis werft Froen op wat d'Transparenz vis-à-vis vun de Patienten ugeet. E Patient kéint unhuelen, datt d'Bewäertungen op enger medezinescher Plattform en onofhängegt an ëmfaassend Bild vun den Erfarunge vun anere Patienten duerstellen.

Wann awer déi bewäert Persoun oder Ariichtung d'Méiglechkeet huet, en Afloss op d'Verëffentlechung vu Bewäertungen ze huelen, besteet de Risiko, datt de Patient e méiglecherweis onvollstännegt oder selektivt Bild kritt an doduerch seng Wiel vun engem Dokter op enger falscher Informatiounsgrondlag trefft.

An dësem Kontext stellen ech der Regierung folgend Froen:

Ass der Regierung bekannt, datt op Online-Plattformen am Gesondheetsberäich d'Bewäertunge vun de Patienten duerch déi bewäert Dokteren oder medezinesch Ariichtunge geréiert kënne ginn?

Ass d'Regierung der Meenung, datt Patienten däitlech doriwwer informéiert musse ginn, wann déi bewäert Persoun oder Ariichtung en Afloss op d'Verëffentlechung vun de Bewäertunge kann hunn?

Wéi bewäert d'Regierung dës Praxis am Hibléck op de Verbraucherschutz an d'Vermeidung vu méiglecher Irreféierung vu Patienten?

Ginn et zu Lëtzebuerg oder um europäeschen Niveau Reegelen oder Verpflichtungen, déi garantéieren, datt Online-Bewäertungssystemer am Gesondheetsberäich transparent an zouverlässeg sinn?

Gesäit d'Regierung e Besoin fir zousätzlech Mesuren, fir sécherzestellen, datt Patienten bei der Wiel vun engem Dokter net duerch selektiv oder onvollstänneg Online-Bewäertunge beaflosst ginn?

Merci.
vor in Digitalisation von

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU. Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen deposéieren dës dann an der Chamber. D'Ministeren mussen dozou äntwerten, an d'Äntwerte ginn op FRO.LU publizéiert.