FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Viergeschlo
Här President,

an de leschte Jore gouf ëmmer méi dacks iwwer Doudesfäll am Centre pénitentiaire de Luxembourg (CPL) bericht. An de Medien ginn dës Fäll meeschtens nëmme kuerz ernimmt, ouni datt méi detailléiert Informatiounen iwwert d’Ëmstänn, d’Ursaachen oder eventuell Verantwortlechkeete bekannt gemaach ginn.

Am Interessi vun der Transparenz, der Sécherheet an der medezinescher Betreiung bannent de penitentiären Ariichtungen géif ech d’Madamm Justizministesch bieden, follgend Froen ze beäntweren:

1. Wéi vill Persoune sinn an de lëtzebuergesche Prisongen pro Joer verstuerwen? Kéint d’Madamm Ministesch dobäi och d’Zuelen fir déi lescht fënnef Joer am Detail opféieren?

2. Wéi erkläert d’Madamm Ministesch, datt et trotz permanenter Presenz vu Personal am CPL zu Doudesfäll komme kann?

3. Wat waren an de leschte fënnef Joer déi offiziell festgestallten Doudesursaache vun de verstuerwene Persounen am CPL an an deenen anere penitentiären Ariichtungen?

4. Ass d’Personal am CPL souwuel d’Beamten ewéi och d’Infirmieren genuch ausgebilt a preparéiert, fir an Noutfäll direkt an adequat Éischt Hëllef ze leeschten? Falls jo, wéi eng Formatiounen a Prozedure sinn hei virgesinn?

5. Wéi sinn d’Prozeduren am Fall vum Doud vun enger incarceréierter Persoun organiséiert, besonnesch wat d’Informatioun vun de Familljememberen ugeet? Firwat entsteet bei verschiddene Fäll den Androck, datt Familljen eréischt verspéit informéiert ginn?

Mat déiwem Respekt
vor in Justice von

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU. Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen deposéieren dës dann an der Chamber. D'Ministeren mussen dozou äntwerten, an d'Äntwerte ginn op FRO.LU publizéiert.