E puer Reflexiounen zu den Generalisten, déi an enger Urgence schaffen.
-
Däerf e „médecin spécialiste en médecine générale", deen zu Lëtzebuerg autoriséiert ass ze praktizéieren, legal an enger hospitalärer Urgence schaffen, ouni zousätzlech spezifesch Ausbildung an der Noutfallmedezin?
-
Gëtt et eng gesetzlech oder reglementaresch Basis, déi déi minimal Qualifikatioune festleet, fir an enger Urgence schaffen ze dierfen?
-
Ass den Titel oder d'Funktioun vum „urgentiste" zu Lëtzebuerg reglementéiert? Falls jo:
-
wéi eng Qualifikatioune sinn dofir néideg;
-
a wat ass den Ënnerscheed tëscht:
-
der Aarbecht an enger hospitalärer Urgence,
-
an der offizieller Unerkennung als Spezialist an der Noutfallmedezin?
-
Wéi vill Generaliste schaffen aktuell an den Urgencë vun de Lëtzebuerger Spideeler, an insbesonner an den 4 nationale Spideeler? Wéi vill vun dëse Generaliste hunn keng spezifesch zousätzlech Formation gemaach, déi si fir d'Aarbecht an enger Urgence qualifizéiert?
-
Däerf e Generalist oder en Internist, deen an enger Urgence schafft, sech offiziell „urgentiste" nennen?
-
Plangt d'Regierung eng gesetzlech oder reglementaresch Präzisioun betreffend de Statut an d'Konditioune fir Dokteren, déi an den Urgencë schaffen?
-
Aussert dem mémoire d'honoraires, deen e Dokter als Leeschtungen un den Urgence-Patient verrechent, wat kritt hien zousätzlech vum Spidol vergütt fir seng Schicht an der Urgence ze maachen?
-
Ass all Generalist d'office fäeg, an enger Noutfallstatioun vun engem Spidol ze schaffen?