FRO.LU - Citizen-Driven Parliamentary Oversight
Viergeschlo

Parlamentaresch Fro


Betreff: Betreiung vu komplette Fleegefäll am Centre pénitentiaire de Luxembourg (CPL)


No Informatioune vu vertrauenswürdege Quelle soll am Centre pénitentiaire de Luxembourg eng Persoun inhaftéiert sinn, déi e komplette Fleegefall duerstellt an déi op spezialiséiert, kontinuéierlech a professionell Betreiung ugewisen ass. Et gëtt drop higewisen, datt déi néideg medezinesch a therapeutesch Moossnamen am CPL net ugebuede ginn an datt d’Struktur personell an infrastrukturell net fir esou Fäll equipéiert wier. Zousätzlech soll en Utrag op elektronesch Iwwerwaachung trotz engem héije Fleegebedierfnis, trotz ëmfaassende medezineschen Ënnerlagen, déi den Zoustand kloer dokumentéieren, trotz Evaluatioune vu Dokteren ausserhalb vum CPL an trotz engem medezinesche Certificat „inapte à la détention“ refuséiert gi sinn.



An dësem Kontext bieden ech d’Regierung ëm Äntwert op déi folgend Froen:


1. Wéi gëtt am CPL mat komplette Fleegefäll ëmgaangen, a wéi eng gesetzlech Richtlinne gëllen an dësem Beräich?


2. Ass de CPL personell an infrastrukturell equipéiert, fir Persounen mat engem héije Fleegebedierfnis fachgerecht ze betreien? Falls net: wéi gëtt an esou Fäll virgaangen?


3. Firwat ginn déi medezinesch néideg spezialiséiert Therapien, déi vun externen Dokteren attestéiert goufen, am CPL net ugebueden?


4. Wéi gëtt d’Medikamentéierung vu vulnerabele Prisonéier iwwerwaacht, a wéi gëtt verhënnert, datt trotz bekanntene Allergien falsch Medikamenter verabreicht ginn?


5. Wéi gëtt d’Hygiène an d’Fleeg vu komplett ofhängege Prisonéier garantéiert, a wéi eng Kontrollmechanismen existéieren, fir Mëssstänn oder Vernoléissegung ze verhënneren?


6. Op wéi enger Basis gouf den Utrag op elektronesch Iwwerwaachung an dësem Fall refuséiert, a firwat goufen déi medezinesch Dossieren an de Certificat „inapte à la détention“ net berécksiichtegt?


7. Firwat ginn alternativ Moossnamen, wéi z. B. elektronesch Iwwerwaachung, trotz kritesche medezinesche Befonner net applizéiert, obwuel dës Moossnamen d’Gesondheetsrisike fir déi betraffe Persoun wesentlech kéinten reduzéieren?


8. Gesäit d’Regierung Handlungsbedarf, fir d’Infrastruktur oder de gesetzleche Kader unzepassen, fir schwéier Fleegefäll am Prisongswiesen adequat kënnen ze betreien?


vor in Justice von

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU. Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen deposéieren dës dann an der Chamber. D'Ministeren mussen dozou äntwerten, an d'Äntwerte ginn op FRO.LU publizéiert.