FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
203 Aufrufe
Et héiert ee vun ëmmer méi Schoulen, Lycéeën, Maisons relais, déi vu Coqueluche-Fäll betraff sinn. No engem éischte Bericht um RTL iwwert de Lycée Ermesinde ass et an de Medien awer roueg ginn.

D'Ëffentlechleet sollt awer trozdem informéiert bleiwen iwwert d'Verbreedung vun dëser schroer Krankheet:

Wéi vill Schüler si bis ewell betraff? Wéi vill Enseignanten?

Op wéi vill Klassen, Schoulen, Maisons relais, Lycéeën an aner edukativ Ariichtunge verdeele sech dës Fäll?

A wéi ville Fäll war den Ausbroch gravéierend genuch, dass eng Impfung sur place ugebuede ginn ass?

Verfüügt Lëtzebuerg iwwert genuch Impfdosen, falls sech elo méi Leit beieneen decidéieren, hier Impfung opzefrëschen?
geschlossen
in Santé von
geschlossen von | 203 Aufrufe

1 Answer

Best answer
Gudde Mëtten,

Mir entschëllegen eis fir de Retard. Mir hunn är Fro un d'Santésministesch an un den Educatiounsministère weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-fall-vu-bloem-houscht-an-de-schoulen/

Wéi ëmmer soe mir bescheed wann d'äntwert bis do ass.

Mat frëndleche Gréiss,
von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.