FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
665 Aufrufe

Bonjour,

 

Wivill Leit mam Statut Travailleur gravement handicapé stungen den 31. Dezember 2022 op enger Waardelescht fir eng Schaff an engem Atelier protégé ze kréien?

 

Wéi laang muss den Travailleur handicapé am Durchschnett waarden, vu der Aschreiwung op d´Lescht bis zu dem Dag wou e kann ufänke mat schaffen?

 

No wéi enge Kritären gett dee fir den Travailleur handicapé zouteffensten Atelier protégé eraus gesicht a wen decideiert dat?

 

Kann de Gestionnaire vun engem Atelier protégé den Travailleur handicapé och ofleenen, also hien net astellen, wa jo no wéi enge Kritären?

 

Wéi wäit däert déi Aarbechtspaz vum Travailleur handicapé sengem Domizil ewech sinn?

 

Wen ass haftbar wann en travailleur handicapé an engem Atelier protégé sech op der Aarbecht verletzt?

 

Ass et schon zu esou Aarbechtsaccidenter komm an deenen läschten 10 Joer?

 

Merci.


geschlossen
in Famille, Intégration et la Grande Région von
geschlossen von | 665 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,


Mir krutten d'Äntwert vun der Ministesch déi dir hei kënnt noliesen: https://piraten.lu/wp-content/uploads/2023/03/275168.pdf


94 Persounen déi op eng Plaz an engem Atelier waarden si natierlech vill Leit. Och wann d'Ministesch net präziséiert huet, wou déi meeschte Leit sech gemellt huet.


Wann dir nach Froen hutt, zeckt net Iech ze mellen,


MfG



1 Answer

Best answer

Gudde Moien,


Mir hunn är Fro un d'Ministesch Cahen weidergeleet.

Dir kënnt se hei liesen: https://piraten.lu/fro-lu-waardezaiten-an-den-ateliers-proteges/


:) Mir soen Merci fir déi schonn komplett ausformuléiert Froen.


D'Waardezäit ass wéi ëmmer 1 Mount a mir soen Iech op dëser Plaz Bescheed wann eng Äntwert do ass.


MfG

von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.