FRO.LU is under Development
+2 Stimmen
972 Aufrufe

Gudden Owend,

 

Hei ass e Link mat unerkannten Pathologies chroniques graves:

 

https://cns.public.lu/content/dam/cns/publications/documentations/medecin-referent/MR_Criteres_médicaux_pathologies_chroniques_graves.pdf

 

Just, an dat ass nei, wann een eng vun deenen Krankheeten huet däerf den Dokter nach medizineschen Cannabis verschriwwen.

 

Et kritt een eng giel Ordonnance vum Dokter fir de Cannabis können an d´Apdikt sichen ze goen.

 

Et kritt een och e Certificat médical vum Dokter wou genau dra steet wivill Cannabis ee muss an a wéi engen Abstänn zou sech huelen.

 

Bei mir ass 16x 0,2 Gramm/Dag, vun 08:00-22:00 Auer, also all Stonn.

 

Ech brauch dann all Stonn 5-10 Minutten fir meng Femmpaus an der frescher Loft.

 

Kann e Patron engem dat verbidden?

 

 

Villmools merci,

 

MbG


geschlossen
in Santé von
geschlossen von | 972 Aufrufe

2 Kommentare

Moien,

Ech wollt just nofroen op Dir des Fro net stellt?

Villmools Merci.
Gudde Moien,

D'Ministesch huet eis haut geäntwert a kloer gestallt, dass de Patron Iech net dierf verbidden den Cannabis ze fëmmen. Wann den Dokter decidéiert dass dir esou dierft schaffen an dierft dir schaffen.  https://piraten.lu/fro-lu-schaffe-mat-medezineschem-cannabis/

Mat frëndleche Gréiss,

1 Answer

Best answer

Gudde Moien,


Är Fro ass un den Aarbechtsminister an d'Santésministesch erausgaangen.

Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-schaffe-mat-medezineschem-cannabis/


Den Delai ass wéi ëmmer 1 Mount. A mir soen op dëser Plaz Bescheed wann d'Äntwert bis do ass.


Mir entschëllegen eis fir de Retard.


MfG

von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.