FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
1k Aufrufe
Bonjour,

nodeems Covid-Pandemie an di rezent ekonomesch Entwécklung ënner anerem am HoResCa vill Onsécherheet bruecht huet an duerch d'Lien mat den lokalen Brauereien zum Deel staark ënner Drock geroden sinn stellt sech d'Fro wat eigentlech mam Projet de Loi 6184 (vun 2010) geschitt ass?

Virwaat geet et do net weider?

Virwaat gëtt den Marché net méi liberaliséiert esou dat den HoresCa méi flexibel plangen kéint?

Merci
in Finances von | 1k Aufrufe

6 Kommentare

Bonjour,

Entschëllegt déi verspéit Äntwert. Den Projet de loi 6148 gouf virun der Entrée vun de Piraten an d'Chamber deposéiert. Mir wëssen dofir keng Detailer iwwert dat, wat an den Kommissiounssëtzungen 2010 an 2011 beschwat ginn ass. Et schéngt wéi wann d'CSV, déi jo Auteur vun dësem PL sinn, selwer keen Interessi méi um Projet haaten, vue dass schonn 2 Joer virun de Walen net méi heiru geschafft ginn ass. Dat gëllt natierlech och fir Gambia, déi de Projet net iwwerholl hunn. Mir denken, dass dir iech hei am Beschten direkt beim Här Roth als Rapporter informéiert, firwat no 2011 net méi um Projet geschafft ginn ass.

Mat frëndleche Gréiss.
Villmools Merci, den Här Roth gouf kontakéiert.

MbG,

McWorta
Gudden Mëtten,

Leiderhuet den Här Roth bis haut net geäntwert. Vielläicht ass hien jo net méi vir esou Demande zoustänneg?

MbG,

McWorta
Gudde Moien,

Et geet eis leed dass dir bis elo kee Feedback kritt hutt mee esou laang den Projet net zreck gezunn ass an den Här Roth an der Chamber setzt bléift hien zoustänneg ;)
Den Här Roth gouf nach emol relancéiert mee bis elo nach emmer keng Äntwert. 

Un wien misst een sech haalen wann keng Äntwert kënnt?

Bonjour,


Wann dir nach net op déi generell Email vun der CSv gescheckt hutt: csv@chd.lu


Soss kënnt dir héchstens bei dem Sektreträr vun der zoustänneger Chamberskommissioun (Finanzen) nofroen: cguezennec@chd.lu


MfG



Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.