FRO.LU is under Development

Auxiliaire de Vie [geschlossen]

+1 Stëmm
856 Aufrufe
Gudden Mëtteg,

meng Fro geet iwwert den SAS Kontrakt am Fleegesecteur!

Den 04.06.2016 war eng Grouss Maniff an da Staat wou OGBL an LCGB opgeruff hunn fir zedemonstréieren iwwert den Kollektivvertrag fum FHL an SAS!

Ech kennen Leit déi eng Leier (2009) als Auxiliaire de Vie gemaach hunn an dem selwechten Betrib wou se haut nach schaffen.

Deemools sinn Sie dunn als ASF agestallt gi,well am SAS den Beruff Auxiliaire de Vie nach net stoung!

Nodeems déi grouss Maniff war ass dunn den Beruff an den SAS opgeholl gin!

Ab dem 01.10.2017 muss jiddereen den Auxiliaire de Vie geleiert huet  an den C3 am SAS Kontrakt kommen op den Patron dofir ass oder net!!

Wat ass dann mat deenen aneren? Sie hunn den Beruff geleiert,well et en deemools awer net gouf kruten si en aneren Kontrakt ASF(den si natierlech ënnerschriwen hunn well si frou waren iwwerhaapt eng Aarbecht zuhunn) an lo kommen Sie net an den SAS Kontrakt!

Wou ass do Gerechtegkeet?

Enner anerem seet den Patron sengen Aarbechter ,soulaang den Minister hinnen net seet si missten Aux. de vie astellen meescht hien dat net!

Meng Fro ass lo déi:

Weivill Leit sinn nach ëmmer net richteg no hirem Diplom agestallt!

Dierf den Patron dat iwwerhaapt?!
geschlossen
in Santé von
geschlossen von | 856 Aufrufe

1 Kommentar

Bonjour,

Mir krutten haut d'Äntwert. Si ass leider net opschlussräich. De Minister seet net vun esou Fäll ze wëssen.

https://piraten.lu/fro-lu-auxiliaire-de-vie/

MfG

1 Answer

Best answer

Moien,


Mir hunn är Fro un den Aarbechtsminister weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-auxiliaire-de-vie/

Wa soss nach Froe sinn, zeckt net


MfG

von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.