FRO.LU is under Development
0 Stimmen
1k Aufrufe

CHL Pharmacie.pdf (0,3 MB) 


Wéi um bäigefügten Dokument ze gesinn ass gett et scho säit längerer Zäit kee Cannabis 18% méi.

-Säit wéi genau gett et kee Cannabis médical mat 18% vun den Zorten Indica a Sativa?

-Wat sinn d´Grenn dass et alt erem zu enger Rupture komm?

-Déi wivillten Rupture ass dat elo säitdeems de Cannabis médical hei zu Letzebuerg verschriwwen gett?

-Kann d´Madamm Minister all Zäitperioden vun all Zort medizineschem Cannabis opzielen an deenen et säit Ufank vun der Distribution vu mediz. Cannabis zu  Rupture komm ass? Wéini waren Rupturen, wéi laang hunn se gedauert?

-Ass d’Versuergung vun de Patienten nach geséchert, wann net wéi erkläert d´Madamm Minister dass d´Patienten all puer Méint mussen hier Therapie ennerbriechen well et at erem eng Rupture gett?

-D´Regierung gelobt an allen sellegen QP zum Thema "Rupture Cannabis" emmer Besserung, firwat ginn et dann nach emmer regelméisseg Rupturen?

-Wat wëllt d’Regierung maachen, fir d‘Situatioun endlech nohalteg ze verbesseren?

-Wéini genau kommen déi nächst Liwwerungen, wéi eng Zorten wäerten dat sinn?

-Firwat gett de Cannabis Uelesch nach emmer net distribuéiert? Wat genau sinn d´Grenn dass déi 3x98 flacons Uelesch  (QP 6171) nach ni konnten distribuéiert  ginn? 

MbG

geschlossen
in Santé von
geschlossen von | 1k Aufrufe

2 Kommentare

Gudde Moien,

Mir hunn beim CHL nogefrot, an krutten vum Chef de Service vun der Pharmacie erkläert, dass den 18% Cannabis disponibel wier. D'Froen no der Unzuel vun Rupturen säit der Aféierung vum medezinesche Cannabis haaten mir schonn an fréieren Qpen gestallt.

Och d'Fro no de Verbesserungen hu mir schonn opgeworf. D'Flaconen sinn awer och laut Chef de service nach net an der Distributioun an hei wäerte mir nofroen.

Mat frëndleche Gréiss,
Gudde Mëtten,

D'Äntwert vun der Ministesch ass do. D'Gesondheetsministesch wëll eis keen genauen Datume soen, wéini den Ueleg soll eraus gi ginn. Soot eis w.e.g bescheed falls den Ueleg nach ëmmer net distribuéiert gëtt.

MfG

1 Answer

Best answer
Gudde Moien,

Mir hunn elo d'Fro nom Ueleg deposéiert. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-cannabis-ueleg-nofro/

Wann d'Äntwert do ass, soen mir Iech wéi ëmmer Bescheed.

Mat frëndleche Gréiss
von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.