FRO.LU is under Development

Smart Meters [geschlossen]

+1 Stëmm
986 Aufrufe
Am Kontext vun der massiver Erheigung vun den Präisser, notamment vun Stroum a Gas, ginn d'Bierger encouragéiert effizient mat Energie em ze goen.

Fir ze spueren hëlleft et ze moossen an ze domat wëssen wat een verbraucht. Mat esou Informatiounen, en Temps Réel, kann den Bierger effektiv gesinn wat säin Verhalen verbraucht an gegebenenfalls do upassen wou et een Impakt huet.
Et ass virgesinn all Stéit zu Lëtzebuerg mat intelligenten Compteuren - Smart Meteren - ze equipéieren, souwuel fir Stroum wei och fir Gas. Dei moossen an iwwermëttelen den Verbrauch en Permanence an gin ënner anerem d'Méiglechkeet dësen Minuttengenau dem Client an enger App um Smartphone un ze weisen.

Wei ass der Regierung hier aktuell Positioun zu Smart Meteren? Gesäit och si doran eng kleng Hëllef fir den Bierger fir méi effizient mat Energie ze haushalten ?

Wien ass Responsabel fir d'Installatioun an d'Inbetriebnahm vun souengem Smart Meter ? Un wien kennen Clienten sech wenden fir een Smart Meter ze kréien (z.B. Réseau Bedreiwer oder Liwwerant vun Gas oder Stroum) ? Innerhalb vun weiengem Zaitraum kritt den Client dann een Smart Meter installéiert ? Wat sinn d'Käschten dovun (fir den Client) an kann den Client sech och opposéieren een Smart Meter installéiert ze kréien ?
Wann den Réseau Bedreiwer an Liwwerant vun Gas oder Stroum sech weigeren zäitno een Smart Meter ze installéieren, wat sinn dem Client seng Recours Méiglechkeeten ?

Gett et eng Reglementaire Deadline bis zu dëser bei allen Stéit zu Lëtzebuerg d'Smart Meteren operationell mussen sinn ? Gouf déi Deadline no hannen verréckelt, wann jo vun wuer no wuer an firwat ?
Sinn an dësem Kontext Strofen virgesinn falls sech net un déi Reglementaire Deadline gehalen gëtt ?

Bei weivill Prozent Stéit ginn aktuell d'Verbrauchsdonnéen vun Stroum an vun Gas iwwer Smart Meter erhuewen ? Wei estiméiert d'Regierung datt déi Zuel evoluéiert, bis wéini sollen all Stéit domat equipéiert sinn ?
geschlossen
in Digitalisation von
geschlossen von | 986 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,

D'Äntwert vum Minister ass elo do, an Dir kënnt se ënnert https://piraten.lu/fro-lu-installatioun-vu-smart-meters/ noliesen.

Falls soss nach Froen sinn, zeckt net Iech ze mellen.

Mat frëndleche Gréiss,

1 Answer

Best answer
Gudde Moien,

Mir hunn eng Fro un den Här Turmes weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-installatioun-vu-smart-meters/

Vill Äntwerten zu ären Froen kënnt dir awer och hei noliesen: https://www.luxmetering.lu/pdf/LM_FAQ%20_Smart_Meter_pu_DE.pdf

D'Piraten hunn och schonn ganz vill zum Thema Smart Meters gemaach:

https://piraten.lu/?s=smarty

Wéi ëmmer soen mir Bescheed, wann d'Äntwert bis do ass.

Falls nach weider Froen sinn, zéckt net Iech ze mellen.

MfG
von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.