FRO.LU is under Development
0 Stimmen
1.1k Aufrufe

Ech well heimat eng parlamentaresch Fro virschloen zum LAWS (Lethal Autonomous Weapon Systems) Projet vum Här Bausch.

Den Projet geet em d'Regulatioun vun déidlechen autonomen Waffen Systemer.

  1. Firwat sinn net-déidlech Waffen hei net mat abezunn?

    Den Haaptgedanken hannert dem Projet ass, dass automatiséiert Waffen kéinten ugräifen, wou een Zaldot ënner Emstaen eng aner Decisioun getraff hätt fir z.B. onnéideg Affer ze vermeiden.

    Et gëtt keen Grond fir des Regulatiounen op net-déidlech Waffen ze beschränken. Soss kennen déi Waffen Systemer ausgenotzt ginn fir aner ondenkbar Verbriechen ze begoen wei z.B. Folter, Ofschreckung, Belästegung, Ënnerdréckung etc.

  2. Wei stellt sech ons Regierung fir des Regulatiounen duerchzesetzen?

    Wei dem 2021 Rapport vum Ausseministere ze enthuelen ass, gouf et een beonrouegenden Mangel un Fortschrëtt an des Richtung.

    Den amerikaneschen PhD & DARPA Beroder, James Giordano, betount an engem 2021 Rapport vun aktuellen Geforen den internationalen Besoin fir sech op dual-use vun neien Technologien virzebereeden.
    Per Definitioun vun "dual-use" sinn autonom Waffen Systemer e.g Dronen, mat abegraff.
geschlossen
in Sécurité intérieure von
geschlossen von | 1.1k Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,


är Fro ass vum Minister beäntwert ginn. Dir kennt se um Site noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-laws-aarbechtsgrupp/


Mat frëndleche Gréiss

1 Answer

Best answer
Gudde Moien,

Mir hunn op Basis vun ären Umierkungen eng parlamentaresch Fro ausgeschafft déi dir hei kënnt noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-laws-aarbechtsgrupp/

Wéi ëmmer soen mir bescheed wann d'äntwert bis do ass.

Falls soss nach Froe sinn, zeckt net eis ze schréiwen.

Mat frëndleche Gréiss,
von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.