FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
1.7k Aufrufe

Wei an enger Pressemitteilung vun der Naturverwaltung vum 22.11.2021 erfir geet ass de Kiehlener Fuchs deen anscheinend 3 Leit gebass huet gefangen ginn, an nodeems en erschoss ginn ass negativ op Staupe an Tollwut getest ginn.(https://gouvernement.lu/de/actualites/toutes_actualites/communiques/2021/11-novembre/22-laborbericht-anf.html)

Do stellt sech mir d‘Fro wisou en Déier wat an enger Fall setzt nach muss erschoss ginn, do ginn et jo wuel méi human Methoden fir d‘Déier anzeschleiferen, an iwwerhapt stellt sech do d‘Fro firwat dat Déier huet misse stierwen? Wier et do net méiglech gewierscht et an sëcherer Entfernung an engem Bësch auszesetzen, nodeems feststung dass et net krank war? En plus, gëtt et jo null Garantie do dee richtegen Fuchs erwëscht ze hunn, sou dass do eventuell een „onschëllegen“ Fuchs huet misse drun gleewen. Dat ass jo awer besonneg caucasse well d‘Regierung d‘Fuchsjagd hei am Land offiziell verbueden huet.

Wéi leisst sech déi Diskrepanz erklären dat zemols jo guer net secher ass dass do richtegen Fuchs erwëscht ginn ass. Ginn et do eigentlich offiziell Regelen an Gesetzer wéini an zu wat fir enge. Zwecker d‘Naturverwaltung kann Wildtiere ofschéissen ? Dat ganzt huet punkto Déiereschutz ee fade Beigeschmack an et ass jo och net communizéiert ginn wat dann elo vun offizieller ennerholl gëtt fir sou Virfäll an Zukunft ze verhënneren.

geschlossen
in Agriculture, Viticulture et Développement rural von
geschlossen von | 1.7k Aufrufe

2 Kommentare

Genau, dat aarmt Déier einfach emol ermuerden an dann emol kucken op e krank war .

TOP!!!!

Dofir missten Käpp rullen!!!
Gudde Mëtten,

Haut koum d'Äntwert vun der Ministesch. Den Fuus konnt laut Ministesch leider net liewe gelooss ginn, well fir d'Prouwen fir d'Analysen ze maachen, missten Deeler vum Gehir entholl ginn. Dir fannt d'Äntwert um Site. Mir Piraten bedaueren, dass d'Déier huet missen doud gemaach ginn.

mat frëndleche Gréiss,

1 Answer

Best answer
Gudde Mëtten,

Dat ass effektiv eng ganz pertinent Fro dofir huet den Här Goergen se och un d'Madamm Ministesch weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-fuuss-zu-kiehlen/

Wéi gewinnt: zéckt net iech ze mellen wann weider Froen sinn an mir soen Iech bescheed soubaal d'Äntwert do ass.

mat frëndleche Gréiss
von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.