FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
392 Aufrufe
Den aktuellen LU-Alert System baséiert jo ob d'verschecken vun SMSen. Fir ze verstoen, dass d'Handynetz net dofir ausgeluecht ass, esou eng grouss Unzuel un SMSen ze verschecken, muss een keen Expert sinn. Doweinst gouf 1999 och den Cell Broadcast Standard agefouert, fir genau deen Zweck: un all Gerät am Netz eng Nooriicht verschecken ouni d'Infrastruktur onnéideg ze belaschten.
Déi meescht Länner benotzen déi Technologie seit Joeren. Zu Lëtzebuerg, wou een sou wie sou schon spéit drunn war mat esou engem Warn-System, gëtt et dat nach net.
Ob der Websäit vun LU-Alert vun 2022 steet "Geplant ist für die Zukunft zudem der Einsatz einer auf Zellularfunk basierenden Technologie, des 'Cell Broadcast'[...]".
Meng Fro: Gett de Cell Broadcast zu Lëtzebuerg, engem Land dat digitalen Virreider a sou villen Domäinen wëll sinn, och nach e mol ëmgesaat?

in Digitalisation von | 392 Aufrufe

1 Kommentar

Villmools Merci fir Är Fro,

 

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten aus dem Januar 2024 huet d'Regierung ugekënnegt, dass de Cell Broadcast spéitstens am September 2024 operationell soll sinn. D’Handy-Operateuren hätten Enn 2023 éischt intern Tester erfollegräich duerchgefouert an et géif weider intensiivst un der Implementatioun geschafft ginn.

 

D'Fro an d'Äntwert kënnt Dir hei noliesen: https://piraten.lu/wp-content/uploads/2024/01/288429.pdf 

 

D'Pirate wäerten um Sujet dru bleiwen an d'Implementatioun weider suivéieren. 

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.