FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
198 Aufrufe

Moien,

 

Ginn et Richtlinnen wéi laang nodeems d´Resultater vun enger Blutt oder Urinanalyse, déi komplett fäerdeg ass, de Labo d´Resultater muss an den DSP vum Patient era stellen?

 

Bei mär war et vum 05. Februar 2024 bis den 30. März 2024. Also 2  Méint, bis meng Resultater a mengem DSP waren.

 

Meng Fro un d´Ministesch wier:

 

Vun deenen 3 groussen Laboratoiren hei am Land, Laboratoires réunis, Ketter Thill a Bionext, wat war dee längsten Delai, nodeems eng Blutt oder Urinanalys komplett fäerdeg war,  bis de Labo d´Resultater  an den DSP vum Patient erop gelueden huet?

 

Merci.

MbG



geschlossen
in Santé von
geschlossen von | 198 Aufrufe

1 Answer

Best answer

Gudde Mëtten, 

Mir hunn är Fro un d'Santésministesch weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-resultater-vun-analysen-aus-private-laboen-am-dsp/


Wéi ëmmer soe mir bescheed wann d'Äntwert bis do ass. 

Mat frëndleche Gréiss, 

von
ausgewählt von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.