FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
364 Aufrufe

Bonjour,


Zu Lëtzebuerg gëtt et de Service national du Médiateur de la consommation.


Wivill Affairen gi pro Joer vun dësem Service traitéiert?


A wivill Fäll féiert a % ausgedréckt, d´Mediatioun zum Erfolleg sou dass d´Parteien sech am Gudden eenegen?


Wivill ass de Budget pro Joer fir dëse Service oprecht ze halen?


Merci.


MbG




geschlossen
in Protection des consommateurs von
geschlossen von | 364 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,

Vue dass mer d'Informatiounen fir 2 vun ären 3 Froen an den Joeresrapport vum Médiateur fonnt hunn, hu mer beim Médiateur nogefrot fir d'Budgetszuelen gewuer ze ginn. Wa mer dës Donnéeën dann och nach hunn wäerte mir iech d'Äntwerten hei all zesummen zoukomme loossen.

MfG

1 Answer

Best answer

Gudde Moien,


Wëll mir keng zefridde stellend Äntwert vum Service kritt hunn, hu mir elo eng parlamentaresch Fro zum Budget erageschéckt. Hei déi aner Informatiounen déi dir gefrot hutt. D'Joer 2023 ass nach keen Rapport annuel ofgeschloss.

Béid Joeresrapporte fannt dir hei:

https://www.mediateurconsommation.lu/fr/news


Wivill Affairen gi pro Joer vun dësem Service traitéiert? 

 

Am Joer 2021 waren et 186 Fäll (Säit 19 vum Rapport)

Am Joer 2022 waren et 279 Fäll (Säit 3)

 

A wivill Fäll féiert a % ausgedréckt, d´Mediatioun zum Erfolleg sou dass d´Parteien sech am Gudden eenegen? 

 

Am Joer 2021 waren et 91,5% mee et muss een soen, dass nëmmen 95 Dossieren vun deenen 186 clôturéiert konnte ginn. (Säit 23 vum Rapport)

Am Joer 2022 waren et 205 Accorden mat engem Taux de Reussite vun 98,5%.

von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.