FRO.LU is under Development
+1 Stëmm
314 Aufrufe
Moien,

Wann e Generalist een un e bestëmmte Spezialist muss iwwerweisen, brauch een eng schrëftlech Iwwerweisung vum Generalist.

De Generalist iwwerweist een dann un e bestëmmte Spezialist, zum Beispill den Dr XY, spécialiste en ***. 

An dat well de Generalist scho gudd Erfahrungen mat demjéinegen Spezialist hat a mengt dee Spezialist wier dee beschten Dr fir de Patient mat senger Krankheet ze iwwerhuelen an ze behandelen.

Den aarmen kranke Patient geet hoffnungsvoll an d´Konsultatioun vum Spidol, wuelwëssend dass en an déi beschten Hänn iwwerwise ginn ass.

Mee am  Plaz den "namentlech erwähnte Spezialist XY" ze gesinn, gesäit de Patient e Remplacant, meeschtens en Dokter deen nei ugefaangen huet am Spidol a nach keng eege Patienten huet, geschweige denn déi néideg Erfahrungen.

--Wéivill mol an deene 4 Spidäler ass et an deene läschte 5 Joer virkomm dass net dee vum Dokter explizit genannte Spezialist mee irgend en onerfahreren Neuling oder aneren Dokter de Patient empfaangen huet, troz expliziter Ordonnance un de Spezialist XY an der lettre de transfert?

--Ass dat Rechtens?

Merci.

MbG
in Santé von
Geännert von | 314 Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Moien,

Dës Fro schéngt eis net an den Zoustännegkeetsberäich vun der Regierung ze falen. D'Iwwerweisung vum Dokter A fir den Dokter XY gëtt ee jo dem Sekretariat vum Dr XY weider. Wann hei d'Sekretariat aus engem Grond (den XY hëlt keng nei Clienten un, ass krank, am Congé déi Zäit wou een de rdv wëll,...) da kee rdv mam XY gëtt ass et am beschte mat dem Sekretariat ofzeklären firwat dat esou gaangen ass an dir net informéiert gi sidd. Mir géifen Iech recommandéieren hei beim Collègue médical nozefroen, wéi der esou Situatiounen am beschten an der Zukunft verhënnere kënnt. http://www.collegemedical.lu/

Mat frëndleche Gréiss.

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.