FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+4 Stimmen
268 Aufrufe
Emmer méi Educateurs gradués, wat engem Bachelor-Diplom entsprecht, versiche gären d'Méiglechkeet vum Quereinsteiger am Enseignement fondamental ze probéieren.

Virun deem Hannergrond, folgend Froen un den Edukatiounsminister:

- Wéivill Eudcateurs gradués hu bis dato vun där Méiglechkeet Gebrauch gemaach?

- Ass d'Méiglechkeet vum Quereinsteiger am Enseignement fondamental net eng concurrence déloyale vis-à-vis vun den anere soziale Beruffer wou dat Personal duerno eventuell fehlt?

- Hänkt déi Demande eventuell matt enger mi schwaacher Entlounung vum Educateur zesummen?

- Wéivill Quereinsteiger gouf et insgesamt säit der Aféierung vun där Méiglechkeet a wéi ass den taux de réussite?

- Färt den Edukatiounsminister net, datt di héich Zuel u Quereinsteiger zu engem Malaise matt de sëlleche Chargés de coursen féiert déi dee selwechten Job eventuell scho vill méi laang maachen?

- Ass et envisagéiert de chargés de coursen, opgrond vun hire compétences acquises iwwer d'Erfahrung am Beruff, iergendwann di identesch favorabel Méiglechkeet an Aussiicht ze stellen wéi de Quereinsteiger?
closed with the note: Eng ähnlech Fro gouf an der Question élargie n°5 vum 24ten Oktober 2019 gestallt.
in Éducation nationale, Enfance et Jeunesse von
geschlossen von | 268 Aufrufe

2 Kommentare


Huelen un dass Formatioun vum Educateur jo eng aner ass ewéi déi vum Schoulmeeschter....

Wat ass wann et an Zukunft duergeet einfach e Bachelor ze hunn fir eriwwerzewiesselen?

Chargés de coursen hunn erëm das nachsehen obwuel do och Leit drënner sinn déi schon mi laang am Enseignement sinn.

Moien,

mir hunn am Kader vun der Froestonn de 24ten Oktober ähnlech Froen zu de Quereinsteiger gestallt a wollten och méi iwwert de Vergleich mat de Chargés wëssen: https://www.facebook.com/Piratepartei/videos/2437842359627236/

Ech géif dofir hei clôturéieren.
Wëllkomm op FRO.LU, wou s Du parlamentaresch Froen preparéieren a proposéieren kanns. D'Deputéiert Sven CLEMENT a Marc GOERGEN kennen dës dann an der Chamber fir dech deposéieren.