FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 Stëmm
403 Aufrufe

De Vertrag vun 1994 vum Luxembourg Trade and Investment Office NY mat Luxcore Ltd als Foreign Agent gouf op den 31 Januar 2019 beendegt (https://efile.fara.gov/docs/4901-Supplemental-Statement-20190516-24.pdf).
Am Kader vum Foreign Agents Registration Act vun 1938 (https://www.justice.gov/nsd-fara), ursprénglech geduecht géint Nazi Propaganda, soll all auslännesche Vertrieder kuerz erklären wat en an den USA esou fir eng friem Muecht mecht.
Dofir stellt sech elo d'Fro ob et en neien Agent gëtt oder soss net d'Gefor besteet, dass Individueller oder Firmen, mat Attachementer zu Lëtzebuerg, sech an Amerika op emol strofbar maachen ?!
 

in Justice von | 403 Aufrufe

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU, wou s Du parlamentaresch Froen preparéieren a proposéieren kanns. D'Deputéiert Sven CLEMENT a Marc GOERGEN kennen dës dann an der Chamber fir dech deposéieren.