FRO.LU is under Development
0 Stimmen
1.4k Aufrufe

Här Minister, 

De Pont Büchler ass scho laang am Ëmbau, am Zesummenhang mam Tram. Dee wäert jo geschwënn fäerdeg gin. 

Bis Enn 2018 gouf et e Foussgängerwee, tëschent dem Quartier Gaasperech, an zwar dem Millewee, an dem Quartier Gare, via de Pont Büchler. Dee konnt vu Foussgänger mee och vu Vëloen benotzt gin. 

Panneauen vun de Ponts-et-Chaussées, déi d’Deviatioun ukënnegen, soen, déi Foussgängerbréck Millewee-Pont Büchler géif Ufank 2022 fäerdeg gin. 

Et ass allerdéngs elo esou, datt du bis dato guer näischt geschitt ass. De Millewee ass zur Sakgaass gin, och fir d’Foussgänger an d’Vëloen (fir d’Autoen war en et nach ëmmer). 

Kann de Minister erklären, wéini deen Accès piéton/vélo zum Pont Büchler, dee jo zur Mobilité douce bäidréit déi de Minister beführwort, an deen natierlech och de Leit vum Quartier Gaasperech d’Liewen méi einfach mécht, fäerdeggestallt gëtt ?

Le téléchargement d'images est actuellement désactivée. -> Moien, schéckt mir einfach e mail wann des Foto net mat duerchgaang ass, da mailen ech iech se MbG


geschlossen
in Mobilité et Travaux publics von
geschlossen von | 1.4k Aufrufe

1 Kommentar

Gudde Mëtten,


Leider ganz schlecht Norrichten aus dem Transportministère. Doduerch, dass den Ministère den Plang elo wëll ëmänneren wäert et wuel nach eng ganz Zäit méi laang daueren, bis d'Aarbechten beim Pont büchler ferdechgestallt wäerte ginn.


Hei d'Äntwert vum Minister:


Wouduerch ass d’Fäerdegstelle vun dësem Foussgänger- a Vëloswée a Verspéidung geroden ?

Wärend der Ausféierung vun Aarbechten um Pont Büchler sinn zousätzlech Iwwerleeungen opkomm wéi een déi geplangte Vëlosramp nach méi benotzerfrëndlech kéint realiséieren, wéi déi ursprénglech ugeduecht zirkular Ramp. Dëst a Kombinatioun mat enger neier Vëlosverbindung Richtung Süden.

Kann de Minister een Datum ginn, wéini deen Accès piéton/vélo zum Pont Büchler, dee jo zur Mobilité douce, fäerdeggestallt gëtt?

Well des Iwwerleeungen nach net ganz ausgeräift sinn an och méi Acteuren an deem Projet involvéiert sinn, ass et momentan net méiglech e genauen Datum fir d’Fäerdegstellung vun där Verbindung ze nennen.



1 Answer

Best answer
Gudde Mëtten,

Mir hunn är Email an d'Foto kritt an mir hunn är Fro un den Minister weidergeleet:

https://piraten.lu/fro-lu-pont-buchler/

Mir soen Meric fir dës Fro, an wéi ëmmer, soe mir Bescheed wann d'Äntwert do ass.

Mat frëndleche Gréiss
von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.