Gudde Moien,
Am Wocherapport vun der Santé kann een all Woch noliesen, wéi vill Persounen schonn eng 3t Impfung kritt hunn. Stand 22ten August waren dëst 347 Persounen. (https://data.public.lu/fr/datasets/covid-19-rapports-hebdomadaires/ )
De Conseil des maladies infecteuses huet den 2 Juli een Avis zur 3ter Impfung fir extrem vulnerabel Leit publizéiert. Am Moment ginn nëmme Persounen déi déi am Avis beschriwwe Konditiounen hunn, 3x geimpft.
"En conclusion, le CSMI recommande qu’une troisième dose de vaccin à ARN messager peut être proposée aux patients immunodéprimés :
- ayant reçu une transplantation d’organe ou de cellules souches hématopoïétiques ;
- sous chimiothérapie lymphopéniante ;
- sous traitements immunosuppresseurs, comme les antimétabolites (acide mycophénolique,
mycophénolate mofétil, azathioprine) et les AntiCD20 (rituximab)
- au cas par cas, les personnes sous immunosuppresseurs ne relevant pas des catégories
susmentionnées ou porteuses d’un déficit immunitaire primitif."
Hei fannt der den ganzen Avis:
https://sante.public.lu/fr/espace-professionnel/recommandations/conseil-maladies-infectieuses/covid-19/covid-19-annexes/CSMI-recommandation-3eme-dose-vaccin-COVID-19-personnes-immunodeprimees.pdf
Persounen déi ënnert dës 4 Kategorië falen, sollen sech bei hirem Dokter mellen an dee setzt si dann op eng Lëscht. Hei muss een natierlech op d'Doktere vertrauen, dass si sech un den Avis vum CSMI halen.
Am Moment geet d'Santé d'office dovun aus, dass dës Persoune keen ausräichende Schutz hunn (am Avis fannt dir eng franséisch Etüd dozou). Et gëtt also keen Antikierper Test gemaach.
Wat är Fro no der 3t Impfung an Antikierper Tester fir d'Persounen aus de Phasen 1 an 2 ugeet esou erwaarde mir all den nächsten Avis vum CSMI deen dozou wäert Stellung bezéien. Recherchë brauchen hier Zäit, trotzdeem hoffe mir, dass den Avis elo séier wäert kommen, fir nach virum richtegen Hierscht wann néideg kënnen ze handelen.
Mir hoffen iech heimat konnten dat ganzt e bësse besser z'erklären. Falls net kënnt dir gären nach eemol nofroen.
Mat frëndleche Gréiss,