No engem Lieserbréif op RTL wollt ech froen op et méiglech wier der Gesondheetsministesch déi Froen iwwert QP zu der ugeschwate Problematik mam medizinnesche Cannabis ze stellen? Well d´Ministesch äntwert bestëmmt net op de Lieserbréif. https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1748198.html
Firwat kréien d’Cannabis-Patienten nach ëmmer dat gielt « Drogerezept » an net en normalt Rezept, well de Cannabis gouf ugangs dës Joers vun der WHO/UN vun der Klassifizéierung als haart Drog (war zesummen mat Opiaten klassifizéiert) erofgestuuft gett elo als normalt a laut der WHO/UN als !!!verkéiersfäegt!!! Medikament ugesinn?
Firwat däerf e Cannabis Patient dann trotzdem net Auto fueren? Leit déi schwéier Medikamenter an Anti-Depressiva huelen däerfe jo och Auto fueren.
Ass d´Ministesch net der Meenung dass eng Fuerprüfung um Colmar Bierg fir all Cannabis Patient dee well Auto fueren misst gemaach ginn an dann eréischt entscheed gett op de Patient apte à la conduite ass oder net?
Firwat kann ee Patient net, obwuel en de Kritäre no vläit eng ze gutt hätt, eng Behënnertekaart ufroen? Well wann een dat mécht, da muss en eng Ufro beim Ministère des transports maachen an do muss en säi Medikament uginn (Cannabis) an da kritt en anscheinend direkt den Führerschäin ofgeholl? Kann d´Ministesch dat no Rëcksprooch mam Transportminister bestätegen?
Firwat däefe Leit déi e Rezept vum Dokter hunn bei enger Rupture de stock net am Ausland hiert Rezept aléisen? Dat geet bei all Medikamenter just net beim Cannabis. Wat sinn d´Grënn dass dat net geet?
Wat waren d´Präisser déi bis elo bezuelt gi sinn fir a Kanada de Cannabis ze bestellen, inklusiv Transportkäschten an all aner Käschten?
Wann ee bedenkt dass an den höllännschen Apdikten 1 Gramm Bedocran 6€ kascht (de Benefice vun der Apdikt mat agerechent) firwat muss X mol méi déiere Cannabis aus Kanada importéiert ginn?
Firwat bestellt de Ministère dann net einfach an Holland, am Plaatz Méint a Méint Ausschreiwungen op aner Kontinenter ze maachen fir e Fournisseur ze fannen deen den Ufuerderungen a Kritäre aus dem ominöse "cahier de charges" entspriechen?
Merci.
MbG