Konversiounstherapien sinn zu Lëtzebuerg net ausdrécklech verbueden, och wann se an der Praxis net existéieren. Laut ILGA Europe (cf. https://rainbow-europe.org/#8645/0/0) an der OECD ass dëst ee vun den Aspekter déi de Ranking vu Lëtzebuerg an hire järleche Studie behënneren. ILGA Europe recommandéiert dës Zort Therapie ze verbidden.
- firwat huet d'Regierung keng Moossname geholl fir dës Therapien legal ze verbidden?