Gudde Mëtteg,
Bal 30.000 Leit kruten schon hier 2 Corona Impfungen.
Dëst si gréisstendeels déi vulnerabelst an eeler Matmenschen.
Vill Leit, zemools eeler Leit hunn e schwaacht Immunsystem a maachen keng Reaktiounen op d´Impfungen.
Den Onkolog vum CHEM bei dem ech geimpft si ginn huet gesot dass Leit déi keng Niewewierkung vun den Impfungen kritt hunn sech 1 Mount no der 2. Impfung sollen teste loossen ob genuch Antikierper am Blutt sinn.
De Seuil vu genuch Antikierper ging bei 250 (irgendeppes) leien.
Den Onkolog sot dass, sollt dee Seuil vun 250 net erreecht ginn, misst onbedingt gekuckt ginn fir sech vläit eng 3. Kéier impfen ze loossen, AN ZWAR mat engem aneren Impstoff wéi déi 2 éischte Kéieren.
Ass dat dem Ministär bekannt?
Wat seet de Ministär vun der Santé zu denen Aussoen?
Ass dëss Eventualitéit fir eng 3.Impfung schonn bannert der Santé diskutéiert ginn?
Leit déi net genuch Antikierper gebild hunn si weiderhinn gefährdet bei enger Corona Infektioun awer e schlemmen (Intensivstatioun) Verlaf ze kréien.
Wat ënnerhellt d´Santé wa Leit 1 Mount no hierer 2 Impfung de Beweis ( ee leider aus eegener Täsch bezuelten Antikierper-Test) erbrengen dass se net genuch Antikierper gebild hunn fir ausräichend geschützt ze sinn?
Merci villmools.
MbG