FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 Stimmen
355 Aufrufe

Et goufen anscheinend bis op den 19.7.2020 (fir déi Woch)
71.847 Large Scale Tester (LST) gemaach
(Quell: https://www.rtl.lu/news/national/a/1553366.html).

Vue dat e Pooling besteet, ginn ëmmer 4 Testprouwen zesummen ënnersicht.

Et goufen also eigentlech 17962 Tester Gemaach.
Dovu waren der 90 positiv an d'Probabilitéit an engem positiven Testpool ze sinn
léit also bei 90/17962 = 0.0050 = 0,5% wat enorm héich ass.

D'Warscheinlechkeet dat 2, 3 oder 4 vun deene 4 Prouwe gläichzäiteg positiv sinn ass am Moment wuel ganz geréng.

Mee wat geschitt elo genau wann eng Prouf positiv ass:
Ka mat dem Proufmaterial direkt nogetest ginn an dee wierklechen Positiven ermëttelt ginn
oder kréien alle 4 ugeruff* a mussen sech a Quarantänn beginn an e weidert Testresultat ofwaarden?

Am Fall vun esou enger Quarantänn géifen hei da bis zu 3 Leit sequestréiert an de Pooling misst verbuede ginn!


* NB "positive" SMS géif et net !

closed with the note: D'Fro gouf den 31te Juli 2020 vun der CSV gestallt: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doQuestpaDetails&id=19560
in Santé von
geschlossen von | 355 Aufrufe

3 Kommentare

D'Fro ass do mat "~Jo si musse préventiv a Quarantänn" beäntwert ginn,

ab esou déi 39 Minutt:


https://www.rtl.lu/news/national/a/1557298.html


Addendum 6.8.2020 elo heescht et "Nee" an dei selwecht Prouw géif eenzel nogetest ginn.


https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doQuestpaDetails&id=19560

Huet  CSV net eng Fro an dei richtung gestallt?
Affirmativ !
Wëllkomm op FRO.LU, wou s Du parlamentaresch Froen preparéieren a proposéieren kanns. D'Deputéiert Sven CLEMENT a Marc GOERGEN kennen dës dann an der Chamber fir dech deposéieren.