FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 Stimmen
287 Aufrufe
Während der Coronakris goufen d'Kritèren fir öffentlech Petitiounen kuerzzaiteg geännert. Sou haat ee kuerzfristeg méi Zait fir Ennerschrëften a Pabeierform ranzereechen. Déi Regel gouf nom Déconfinement awer opgehuewen.

An der Praxis weist ët sech awer, dat ët bis haut vill méi schwéier ass, un d'Leit ze kommen an se ze iwerzeegen, eng Pettioun ze ënnerschreiwen: Sou ass ët de Moment nach nët méiglech, gréisser Evenementer (Konferenzen) ze plangen, an d'Fréquentatioun vum Espace public an z.B. och Märt ass staark zrëck gaang.

Fir de Bierger dës eenzegaarteg Méiglechkeet vun enger direkter Partizipatioun ze erhaalen, wier ët do nët ubruecht d'Kritèren fir eng öffentlech Petitioun kuerzfristeg a fir di ganz Dauer vun der Zait wou d'Onsëcherheet bleiwt (Stëchwuert "Zweet Wellé) ze modifizéiren andeems entweder d"Zuel vun den Ennerschrëften, déi gebraucht gin, fir dat de Sujet vun enger Petitioun muss an der Chamber débattéiert gin, rofzesetzen oder den Délai, deen den Auteur vun der Petitioun huet, fir op di erfuedert 4500 Ennerschrëften ze kommen, ze verlängeren?
closed with the note: Moien,  d'Petitiounen gi vun der Chamber decidéiert, dat heescht, heizou kënne mer keng parlamentaresch Fro stellen, well kee Minister dofir zoustänneg ass.  Mir ginn d'Informatioun awer un eisen Deputéierten virun.   MbG
in Intérieur von
geschlossen von | 287 Aufrufe

1 Kommentar

Moien,

d'Petitiounen gi vun der Chamber decidéiert, dat heescht, heizou kënne mer keng parlamentaresch Fro stellen, well kee Minister dofir zoustänneg ass.

Mir ginn d'Informatioun awer un eisen Deputéierten virun. 

MbG
Wëllkomm op FRO.LU, wou s Du parlamentaresch Froen preparéieren a proposéieren kanns. D'Deputéiert Sven CLEMENT a Marc GOERGEN kennen dës dann an der Chamber fir dech deposéieren.