FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 Stimmen
39 Aufrufe

Den 1. März gett bekanntlecherweis den öffentlechen Transport gratis.

Zich wäerten dann Mueres an Owes nach méi iwwerfëllt sinn wéi dat elo schonn de Fall ass.

Sëtzplaazen wäerten et wuel da kaum nach ginn.


Leit déi eng Invalidekaart A/B/C hunn hate bis elo eng garantéiert Sëtzplaatz am Zuch mee wäerten da wuel öfters musse  streiden fir hiert Recht op eng Setzplaatz ze kreien, wat wuel mat vill Diskussiounen, Sträit, Ausenanersetzungen a vläit souguer physech Gewalt mat sech brengt. D´Security vum Zuch misst dann agräifen, préiwen ob de Behënnerten och wierklech eng „Carte d´invalidité“ huet a dann eng aner Persoun obfuerderen dem Behënnerte seng Sëtzplaatz ze ginn. Agressiv Jugendlecher wäerten wuel kaum Verständnis dofir hier Plaatz fräiwelleg mussen hier ze ginn, Problemer a Gewalt si virprogramméiert. En plus ass dat demütegend fir de Behënnerte selwer sech esou mussen ze ernidregen.


Gedenkt de Minister vläit net drun d´éischt Klass vum Zuch, déi souwiesou ëmmer eidel ass,  net vläit fir déi Leit mat Behënnerungen an enger valabeler Invalidekaart zougänglech ze maachen? Déi Leit stéieren Keen an et ass genuch Plaatz an der 1 Klass emmer fräi.

Merci am Viraus.


Sonderausweis „Geh- und Stehbehinderung”

Gehbehinderte Personen, deren Behinderung ihnen erhebliche Schwierigkeiten beim Gehen oder beim Stehen bereitet, erhalten einen Sonderausweis. Inhaber des Sonderausweises haben:

  • Anspruch auf vorrangigen Einlass oder Service;
  • Anspruch auf einen Sitzplatz.

Quell: https://guichet.public.lu/de/citoyens/transports-mobilite/transports-commun/cartes-transports/carte-invalidite.html


vor in Mobilité et Travaux publics von | 39 Aufrufe

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU, wou s Du parlamentaresch Froen preparéieren a proposéieren kanns. D'Deputéiert Sven CLEMENT a Marc GOERGEN kennen dës dann an der Chamber fir dech deposéieren.