De Conjoint vun engem Minister post op Instagram reegelméisseg Photoen, wou hien mat sengem Mann, deen op Déngschtrees (ech soen wuelverstane Déngschtrees, net offiziell Rees) war. Dat sinn zum Beispill Biller aus der „First-class Lounge“ vu Lufthansa zu Frankfurkt, oder Vuen aus engem 5-Stären-Hotelszëmmer.
Meng Fro ass ganz einfach :
-
wann e Conjoint vun engem Regierungsmember mat op eng Déngschtrees geet , wien bezilt dann deem Säin Fligerticket a soss Frais-en : de Conjoint selwer oder awer de Steierzueler ?