FRO.LU is under Development
+2 Stimmen
7k Aufrufe
Weini get den kannerbetreiung an den foyer du jour an creche dann gratis?

Mir hun lo schon vill doriwer heieren, mee et geschiet einfach naischt. 

Ech bezuelen 355€/mound fir mei jong vun 9 joer an 160€/mound fir mei jong vun 3 joer.

Ech kommen iwerhaapt net mei iwer d'ronnen seit mei frend (gepacst) seng pai mat gekuckt get. Ech kreien nemmen eng kleng pai. 
geschlossen
in Éducation nationale, Enfance et Jeunesse von
geschlossen von | 7k Aufrufe

11 Kommentare

Fro.lu Equipe: Mir hunn aktuell Budgetsdebatten an de Klimaplang an der Chamber an dofir aktuell keng Zeit. Ab Januar stelle mir een an, deen sech exklusiv em de Service fro.lu këmmere wäert. Bis dohinner biede mir ee weineg Gedold mat eis ze hunn

Moien,

Desse mound kruten mir fir de klengen den an der creche as eng fatzeg erheichung. 

Den tarif as vun 6,10€ op 6,40€ fir 60St./Woch erop gaang.

Die 20 gratis stonnen sin esou alles rem seier absorbeiert furch den neien tarif.

Dat heescht fir de klengen bezuelen mir elo 235€ an fir de groussen 355€.

Wat heescht eigentlech "Gratis betreiung" ?
Merci dass der eis um courant haalt. Interesseiert och mech.
Sinn dein etwa nët un den Index Gekoppelt ? Wann nët dann misst een daat vlait ënneren

Jo dach, dessen tariferheichung huet awer naischt mam Index ze din. Dat hun sie einfach sou virun 2 meind decideiert, mir kruten ee breif.

Wann den Index rop geht dann geht d'creche och rem an d'luucht.
An dat steht an all hier contracten.
Ma dann missten mer do mol eppes proposeiren - meng meenung.
Majo dofir meng fro.

Weini get den Kannerbetreiung dann endlech gratis gemaach?

Weini get den forfait vum staater participatioun un d'privat crechen an foyer du jouren erheicht? Aktuell iwerhelt den Staat 6€/St., fir d'daagesmammen hun sie och hiren forfait virun 3 joer op 3,75€/st. erheicht.

Weini get fir den tarif vum Cheque-service rem einfach nemmen dei pai gekuckt vun der persoun den d'kannerbetreiungsrechnungen bezielt resp. Kannergeld ausbezuelt krit am platz die 2 paien vum ganzen haushalt? 
Ma een klengen Tipp: Dier keint dat mei kloer schreiwen. Wei ech gelies hunn dass fro ass weini get se gratis, hunn ech geduecht "se ass et jo schon"
Och den Titel vun der Fro keint der besser Gestallten, fier direkt op den Punkt ze kommen :)

Nemmen een gudd gemengten "Ratschlag"

3/02/2020 - Mir soen iech villmools Merci fir är Fro. Folgend Fro ass haut un d'Chamber gaangen: 

Moien,

As hei nach keng entwert komm vum gouvernement?

1 Answer

Best answer

3/02/2020 - Mir soen iech villmools Merci fir är Fro. Folgend Fro ass haut un d'Chamber gaangen: 

von
Wëllkomm op FRO.LU - Du kanns hei parlamentaresch Froen proposéieren. D'Deputéiert Sven CLEMENT, Marc GOERGEN a Ben POLIDORI deposéieren dës dann an der Chamber an d'Ministeren mussen dozou dann äntwerten.