FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+3 Stimmen
492 Aufrufe

Op Grondlag vun enger EU-Richtline mussen all Entreprisen, awer och asblen, déi zu Letzebuerg agedroe sen, sech zousätzlech am Registre des bénéficiaires effectifs androen. Daat ganzt leeft iwert den Luxembourg Business Register, e Groupement d'Intérêts économique, an deem niewt dem Staat och d'Chambren vertrueden ass, dee fir di Prozedur 15 € fakturéiert, wann di Persoun oder Persounen d'Prozedur nët online wëlle maachen.

Wéi ass daat ze begrënnen, dat eng Prozedur, deenen d'Leit an Entreprisen sech mussen ënnerzéien, fakturéiert gët?

Virwaat ass ët nët méiglech, dat d'Entreprisen oder Privatpersounen dee Formulaire zougeschëckt kënne kréien?
geschlossen
in Digitalisation von
geschlossen von | 492 Aufrufe

3 Kommentare

Gudde Mëtteg,

d'Gesetz gouf am Dezember 2018 gestëmmt, ma all Sociétéiten haten 6 Méint ZàIt fir sech unzemellen an den Délai gouf nach eng Keier no hannen verréckelt.

Normalerweis krut all Sociétit (ob ASBL oder kommerziell) een Informatiounsbrif fir sech am RBE anzeschreiwen.

MbG
D'Betounung lait op online. Wann een d'Bénéficiairen online gemellt huet, se keng Fraien ugefall. Allerdengs ass den Template nët op asblen, mä op Betrieber axéiert a souwisou schlecht gemaat, sou dat vill Leit hier Schwieregkeeten mat der Prozedur haaten. Alternativ konnt een dann bei den RCS goen, an do d'Donnéen androen. An daat kascht 15 €.

Ech hunn elo grad e bësse nogesiicht an op der Website vum RBE (an och vum RCS) steet an den Tariffer dran, datt all Deklaratioun 15€ kascht. De Basistariff ass ëmmer 15 €, ob online oder net online: https://www.lbr.lu/mjrcs-rbe/jsp/webapp/static/mjrcs/fr/mjrcs-rbe/pdf/tarifs.pdf?FROM_MENU=true&time=1598280417198&pageTitle=menu.item.geninfoprices&currentMenuLabel=menu.item.geninfoprices&CURRENT_TIMESTAMP_ID=&time=1598280417439



Dat nämmlescht gëllt fir den RCS: https://www.lbr.lu/mjrcs/jsp/webapp/static/mjrcs/fr/mjrcs/pdf/tarifs.pdf?FROM_MENU=true&time=1598017716421&pageTitle=menu.item.geninfoprices¤tMenuLabel=menu.item.geninfoprices

Bei Präsenz an engem Guichet ginn 20€ Verwaltungskäschte gefrot. Ma bei deene 15€ kinnt een effektiv froen, firwat déi ufallen a wat fir eng Käschten domadder gedeckt ginn.

1 Answer

Best answer

25.08.2020 - Votre question a été déposée.  


La question a été mise en ligne, lorsqu'une réponse sera fournie, nous la mettrons à jour en ligne: https://www.piraten.lu/fro-lu-zwangsprozedur-fir-all-societeiten-hei-am-land/
von
Wëllkomm op FRO.LU, wou s Du parlamentaresch Froen preparéieren a proposéieren kanns. D'Deputéiert Sven CLEMENT a Marc GOERGEN kennen dës dann an der Chamber fir dech deposéieren.