FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+3 Stimmen
208 Aufrufe
An de Joëren 2009, 2010, 2011 an 2012 konnt een en Haus vun 500.000 htva mat 3% TVA bauen well de Plafond vun der TVA Logement 60.000 Euro war. (60.000 / 0,12 = 500.000)
Nodems dese Plafond ab 2013 erem op 50.000 erofgesat ginn war, konnt een nach fir 416.666 mat 3% TVA bauen. (50.000 / 0,12 = 416.666)
Seit 2015 kann een just nach fir 357.143 Euro mat 3 %TVA bauen well den Taux normal vu 15 op 17% gehéicht ginn ass. (50.000 / 0,14 = 357.143)

Vu dass de Staat op där enger Säit higeet an haut méi wéi je dem Bierger virschreiwt (Isolatioun, Energieklass etc.) wéi hien ze bauen huet an dann awer zäitgläich séng TVA-Hëllef zeréckschrauft, mëcht de Staat selwer d’Wunnen méi deier. D’Energiesubsidien etc. ginn nët duer fir déi Méikäschten (Isoléierfaçade, triple vitrage, asw.) ze finanzéieren.

Als Beispill géif dat Haus vu 500.000€ htva haut 20.000€ méi kaschten wéi deemols 2009-2011. An do gouf lo nach guer keng Inflatioun etc. considéréiert.

Dowéinst dës wichteg Fro: Wéini a wéi héich gett de Montant vun der TVA Logement ugepasst?

Merci

An deem Kontext sief och nach gesot dass beim Staat séngem eegenen soziale Wunnéngsbau (cf. Sites internet SNHBM a Fonds du Logement) d'Präisser ouni Terrain schon deelweis wäit iwert dësen aktuellen 357.143 € leien.
in Finances von | 208 Aufrufe

1 Kommentar

Eng éischt Fro an deem Themefeld gouf well deposéiert: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doQuestpaDetails&id=17760

Soubal mir do d'Äntwert hunn, froe mir och hei nach eemol méi am Detail no!

Please log in or register to answer this question.

Wëllkomm op FRO.LU, wou s Du parlamentaresch Froen preparéieren a proposéieren kanns. D'Deputéiert Sven CLEMENT a Marc GOERGEN kennen dës dann an der Chamber fir dech deposéieren.